Journées du Patrimoine - ProgrammVun Tudor a Basilika iwwer CNA an USA bis bei d'Melusina

"Haiser a Leit" ass den Titel vun de Journées du Patrimoine, déi dëst Joer vum 22. September bis den 8. Oktober ginn. Alt nees ass e Sëlleches z'entdecken.

Et geet also déi Kéier ëm "Patrimoine bâti et personnalités" an dat spigelt sech och am Programm zeréck:

Muséeën, déi Perséinlechkeete wéi dem Henri Tudor zu Rouspert dediéiert sinn, si genee esou drënner wéi Institutiounen, vum CNL zu Miersch iwwer den CNA zu Diddeleng bis bei d'Ambassade vun den USA an der Stad, dernieft ginn et Circuiten, Schlässer, Kierchen a Kapellen ze entdecken.

Well sech d'Deeg vum Patrimoine iwwer e längeren Zäitraum erstrecken, huet een déi Kéier d'Geleeënheet, ganz relax e puer Saache kucken ze goen. Op ville Plaze sinn och extra Visitte virgesinn.

Hei drënner de Programm a fir Loscht ze maachen e puer Fotoen:

PDF: De Programm.





D'US-Ambassade


D'Glacis-Kapell


De Abtei-Musée zu Iechternach


Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.