Finanzement fir ArtistenD'Focuna wëll aus der Subventiounspolitik erausklammen

Et wëll een aus der traditioneller Subventiounspolitik erausklammen, dat ass d'Zil vum Fonds culturel national, kuerz Focuna.

© Claudia Kollwelter

Verschidden Aide wäerten och an Zukunft an hirem Katalog bleiwen, mee e grousse Wandel soll et haaptsächlech ginn, wat d'Boursen ugeet an och d'Kënschtler-Residenzen. E Mëttwoch gouf am Kulturministère e ganz neien Glossaire presentéiert, wou déi ganz Terminologien, déi d'Focuna a sengen Ausschreiwungen an Appellen benotzt definéiert ginn.

Aide fir Artiste vum Focuna / Reportage Claudia Kollwelter



Wat heescht e CV Artistique, e Budget, e Plan de financement? Mam neie Glossaire, an deem et 87 där Definitioune ginn, soll een Äntwerten heirobber kréien. De President vun der Focuna, Jo Kox, betount awer, datt dëst keng universal Wourecht wier an dofir och éischter wéi e Work in progress ze gesinn ass. Mat verschidden Definitiounen huet ee sech ganz laang auserneegesat.

E ganz wichtege Punkt zum Beispill ass den Ancrage culturel, dat heescht, dass d'Focuna also nëmme Projeten ënnerstëtzt, déi en direkte Lien hu mat Lëtzebuerg. Dat géif och fir d'Lëtzebuerger Artiste gëllen, déi exklusiv am Ausland setzen.

Verschidden Aide sinn hei zu Lëtzebuerg ofgeschaaft ginn, anerer gi verduebelt, wann automatesch eng international Diffusioun drunhänkt. De Jo Kox nennt d'Beispill vum Festival vun Avignon. Et géif net duergoen, just ze soen, dass een op Avignon spille geet. Wa kee weess, dass de Lëtzebuerger Centaure mat enger Produktioun do steet, geet dat net duer. D'Focuna muss nach eppes weider kënne ginn, fir dass och d'Kommunikatioun op där Plaz stëmmt.

Da geet et awer och ëm eng Profilschäerfung, fir datt d'Kënschtler, d'Associatiounen oder d'Institutiounen wëssen fir wat wien steet a wat d'Kritäre sinn, déi zum Beispill de Kulturministère oder d'Ouevre National de Secours Grande-Duchesse Charlotte applizéiert. Et sollen allgemeng méi kloer Linne geschaf ginn, fir all déi Concernéiert.

De Glossaire vum Focuna kann een iwwregens online consultéieren.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.