VIDEO: Fest vun der HeemechtLëtzebuerger a Flüchtlingen zesummen op enger Bühn

Am Atelier stoungen de Freiden e puer vun deene bekannteste Lëtzebuerger Museker zesumme mat Refugiéën, op der Bühn.

Fest vun der Heemecht (08.10.2017)
Lëtzebuerger Kënschtler fir Integratioun
Dat Ganzt am Zeeche vum interkulturellen Dialog. De Benefissconcert "Fest vun der Heemecht", huet esounatierlech vill musikalesch Diversitéit gebueden.

D’Cojellico’s Jangen, De Läb souwéi de Serge Tonnar a Legotrip. Déi dräi Formatiounen, déi wuel aus ganz verschiddene musikalesche Richtunge kommen, hu sech beim Fest vun der Heemecht fir een Owend d’Bühn gedeelt. A wien déi Kënschtler kennt, weess, datt sech hannert dem Titel vum Owend wuel keen nationalistesche Gedanke verstoppt huet.



Zil vum Owend war et, fir en Austausch vun de Kulturen ze hunn. Donieft wollt een awer d'Flüchtlingen och ënnerstëtzen, well déi Leit si jo net fräiwëlleg hei, mä op der Flucht, sou de Corbi vun de Läb.

D’Initiativ fir dëse Concert kënnt vun der Asbl Mir wëllen iech ons Heemecht weisen, déi 2015 ënnert anerem vum Serge Tonnar gegrënnt gouf.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.