VIDEO: KulturfabrikFestival "Clown in Progress"

D'Konscht vun de Clownen ass net nëmmen d'Leit zum Laachen ze bréngen. Wat nach dozou gehéiert, weisst de Festival an der Escher Kulturfabrik.

Festival Clown in Progress (11.10.2017)
D'Konscht vun de Clownen geet wäit doriwwer eraus fir d'Leit just zum Laachen ze bréngen.
De Ludor Citrik an de Pollu sinn zwee franséisch Clownen, déi sech mam Kaméidi beschäftegen, deen eis am Alldag ëmgëtt. Den Ausgangspunkt vun hirem Spektakel "Ouïe – Le sens du son" kënnt aus der Wëssenschaft. Op der Bühn probéiere sech di zwee Clowne mat Eeërkartonge vum Kaméidi ze schützen. An hire Spektakel fléissen all Zorte vu Geräischer mat an.

Stagen, Filmprojektiounen, eng Fotosausstellung an natierlech och Spektakelen, dat alles steet um Programm vum Festival Clowns in Progress, dee sech dëst Joer och méi mat aneren Organisateure vernetzt huet.

"Ouïe - Le sens du son"  kënnt Dir en Donneschdeg den Owend an der Kulturfabrik gesinn. De Festival "Clowns in Progress" dauert nach bis de 14. Oktober.

Weider Informatiounen iwwert de Festival "Clown in Progress" fënnt een um Internetsite vun der Escher Kulturfabrik.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.