Visuell KonschtJeff Weber, éischte Gewënner vun der Bourse Bert Theis

Dëse Präis soll engem Kënschtler oder engem Kollektiv, deen an der visueller Konscht aktiv ass, hëllefen een néie Projet z'entwerfen.

Den nationale Kulturfong huet dem Lëtzebuerger Kënschtler Jeff Weber, déi éischt Bourse Bert Theis, iwwerreecht. De Präis ass engem Lëtzebuerger Kënschtler no gedeeft ginn.

De Jury, deen d'Wiel tëschent 17 Dossieren hat, huet sech eestëmmeg fir de Jeff Weber entscheet. Säi Projet, "Kunsthalle Leipzig", kontraktualiséiert d'Liewe vum Kënschtler an eiser Gesellschaft an am Ëmgang mat anere Kënschtler. E Buch wäert de Projet resuméieren an Iwwerleeungen iwwert d'Plaz vun der Konscht an eiser Gesellschaft mat integréieren.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.