Am Alter vun 100 JoerDéi franséisch Schauspillerin Danielle Darrieux ass dout

D'Schauspillerin Danielle Darrieux ass en Dënschdeg am Alter vu 100 Joer friddlech entschlof. D'Legend vum franséische Kino hat iwwer 100 Filmer gedréint.

Archetyp vun der "beauté à la française", d'Schauspillerin huet ënner anerem mam Jean Gabin am Film "La Vérité sur Bébé Donge" (1953) a mam Gérard Philipe am "Le Rouge et le Noir" (1954) gespillt.

D'Schauspillerin war 14 Joer al, wéi si an hirem éischte Film "Le Bal" gedréint huet. Obwuel hir éischt Filmer Komedie waren, huet si duerno an Dramae mat gespillt, wéi "Mayerling" mam Charles Boyer (1935). Hiren Talent an hir Schéinheet hunn hir de Wee op Hollywood a Broadway opgemaach.

E Fouss hat si trotzdeem nach ëmmer a Frankräich, wou si a Filmer wéi "La ronde" a "Madame de..." (Ophüls), "L'affaire Cicéron" (Mankiewicz), "Les Demoiselles de Rochefort" (1967), oder "Huit femmes" (Ozon) gedréint huet.

Vun 1969 un, huet d'Danielle Darrieux eng Carrière am Theater ugefaangen. Si huet Texter vu Feydeau, Guitry oder Marcel Aymé interpretéiert. 2003, ganz eleng op der Bühn, huet si "Oscar et la dame rose" vum Eric-Emmanuel Schmitt interpretéiert. Mat dëser Roll huet si e Molière gewonnen.

Danielle Darrieux - hommage Télé Matin


We Never Talk Much (Darrieux) (Rich, Young & Pretty-1953)


Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.