Paul KayserImprovisatiounen zu ausgewielte Filmer

Dësen Dënschdeg an der Diddelenger Kierch St Martin.

Den nächsten Dënschden, 24. Oktober fënnt deen éischte Projet vun enger neier Partnerschaft statt, déi den CNA (Centre National de l'Audiovisuel) mam Diddelenger Internationalen Uergelfestival (FIMOD) agaang ass.

Um 20.15 Auer an der Diddelenger Kierch St Martin presentéiert de Paul Kayser, bekannte Lëtzebuerger Concertsorganist a mat verschiddenen internationale Präisser ausgezeechenten Improvisatiounsspezialist, Improvisatiounen iwwer vum CNA fir hir speziell Qualitéiten ausgewielte Filmer. Dës, vun Net-Professionelle gedréite Filmer sinn Temoien aus dem Passé vu verschiddene vun eise Stied: Um Programm d'Filmer "Lëtzebuerg ëm d'Joerhonnerwend (1905-1912)", "Iechternach vun Ufang bis Mëtt vum 20. Jh.", "50. Anniversaire vun der Stad Diddeleng (1957)".

Virverkaf op Luxembourgticket an op info@orgue-dudelange.lu
Informatiounen op www.orgue-dudelange.lu.

PDF: Info-Flyer.