VIDEO: Zwee Dirigenten an der PhilharmonieDen Daniel Barenboim huet säi Versprieche gehalen

Den Daniel Barenboim gëtt als Chef-Dirigent an als Pianist an déi bekanntsten Orchester-Heiser invitéiert. Sou och an d'Philharmonie, wéi um Méindeg.

Barenboim an der Philharmonie (07.11.2017)
Den Daniel Barenboim ass als Chef-Dirigent an als Pianist an déi bekanntsten Orchester-Heiser invitéiert. Sou och an d'Philharmonie, wéi um Sonndeg.
Wéi kënnt dee weltberühmten Daniel Barenboim dozou, zesumme mam Gustavo Gimeno, deen talentéierten awer manner bekannte Chef vum OPL, e Concert ze ginn? Duerzou gëtt et eng intressant Geschicht, wéi si sech per Zoufall zu Amsterdam begéint sinn. 

Den Daniel Barenboim hat dem Gustavo Gimeno deemools versprach, mat him ze spillen, wann hie selwer Dirigent géif ginn. De Gustavo Gimeno weess de Besuch vum Barenboim natierlech ze schätzen an anzeschätzen.

Voilà, den Zoufall hat do am Intressi vum Lëtzebuerger Public gewierkt, deen e remarkabele musikaleschen Owend gebuede krut.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.