VIDEO: Au revoir!Den Johnny Hallyday ass dout, Hommage op de Champs Elysées

Ee vun de ganz grousse franséische Rockstaren huet eis an der Nuecht op e Mëttwoch am Alter vu 74 Joer verlooss ...

Mam Johnny Hallyday, dee biergerlech Jean-Philippe Smet heescht, stierft een, deen déi franséisch Museksgeschicht matgeschriwwen huet.

De 74 Joer ale Sänger, deen am Juni Gebuertsdag hat, war u Longekriibs erkrankt. Am November d’lescht Joer war de Kriibs beim Museker fonnt ginn.

E Samschdeg gëtt op de Champs Elysées gëtt e Samschdeg e sougenannten populären Hommage fir den Johnny Hallyday zu Paräis organiséiert. Den Artist gëtt an der Eglise de la Madeleine begruewen, wou och de President Emmanuel Macron kuerz d'Wuert ergräift. D'Doudeluet gëtt an engem Convoi iwwert d'Champs Elysées, bei den Arc Triomphe laanscht d'Concorde bis bei d'Kierch gefouert

Au revoir!: Den Johnny Hallyday ass dout (06.12.2017)
Ee vun de ganz grousse franséische Rockstaren huet eis an der Nuecht op e Mëttwoch am Alter vu 74 Joer verlooss ...


RIP Johnny Hallyday: De Reportage vum Christiane Kremer.



"On a tous en nous quelque chose de Johnny"



RTL Info iwwer den Johnny Hallyday


An net nëmmen d’Fransouse si vum Hallyday begeeschtert. Während senger Carrière verkeeft den Johnny Hallyday méi wéi 110 Milliounen Disken, 50 Alben huet hien a senge 57 Joer an der Musekswelt gemaach an dobäi grouss Succèse geschriwwen: "Le Pénitencier", "Noir c'est noir", "Retiens la nuit", "Cheveux longs idées courtes", "Pour moi la vie va commencer", "Quand revient la nuit", "Que je t'aime", "Gabrielle", "La musique que j'aime", "Ma gueule", "Quelque chose de Tennessee", "Allumer le feu", "Marie"...

Bye Bye Johnny



Donieft huet de Sänger et zu Paräis fäerdegbruecht, fir bei engem Concert 1963 op der Place de la Nation virun 150.000 Leit ze spillen.

Déi franséische Kulturministesch Françoise Nyssen huet den Johnny Hallyday als aussergewéinlechen Artist, Legend vum Rock an Kulturgeschicht vu Frankräich gewierdegt. Den Eddy Mitchell seet méi wéi e Frënd, mä e Brudder verluer ze hunn.  An dem President Emmanuel Macron no ass nach net decidéiert, ob en nationalen Hommage fir den Johnny Hallyday organiséiert gëtt oder net. Et géif ee sech virun allem mat der Famill ofschwätzen.

No der Annonce  vum Doud vum Johnny Hallyday,  huet d'Police e grousse Sécherheetsdispositif  virun der Privatwunneng installéiert. Iwwerdeems hu sech um Mëttwoch de Moie schonn déi éischt Fans versammelt, fir ëm hiert Idol ze traueren, dat se laang Jore mat senger Musek begleet huet.



Hei d'Wierder vu senger Fra Laeticia:

"Johnny Hallyday est parti. Jean-Philippe Smet est décédé dans la nuit du 5 décembre 2017.

J’écris ces mots sans y croire. Et pourtant, c’est bien cela. Mon homme n’est plus.

Il nous quitte cette nuit comme il aura vécu tout au long de sa vie, avec courage et dignité. Jusqu'au dernier instant, il a tenu tête à cette maladie qui le rongeait depuis des mois, nous donnant à tous des leçons de vie extraordinaires. Le cœur battant si fort dans un corps de rocker qui aura vécu toute une vie sans concession pour la scène, pour son public, pour ceux qui l’adulent et ceux qui l'aiment.

Mon homme n’est plus. Le papa de nos deux petites filles, Jade et Joy, est parti. Le papa de Laura et David a fermé ses yeux. Ses yeux bleus qui illumineront encore et encore notre maison, et nos âmes.

Aujourd’hui, par respect et par amour pour cet homme extraordinaire qui fut le mien pendant plus de 22 ans, pour perpétuer sa passion de la vie, des sensations fortes, des émotions sans demi-mesure, nous unissons tous nos prières, et nos cœurs. Nous pensons à lui si fort qu’il restera à jamais à nos cotés, aux cotés de ceux qui l’écoutent, le chantent et le chérissent depuis toujours.

Johnny était un homme hors du commun. Il le restera grâce à vous. Surtout, ne l’oubliez pas. Il est et restera avec nous pour toujours. Mon amour, je t'aime tant."

Laeticia Hallyday









Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.