VIDEO: Dës Woch an der ArtBox vum 9.12.2017D'Kënschtlerin Nina Tomas

Si ass d'Laureatin vum Prix Révélation vum CAL.

ArtBox (09.12.2017)
All Woch si mir mat engem Kënschtler ënnerwee an kréien en Abléck an säin Alldag.
Déi jonk Molerin ass grad mat hirem Studium fäerdeg an huet eng Kënschtlerresidence zu Bréissel. Mir hu se am Salon vum CAL, wou se hire Präiss krut, begéint a waren se och op Bréissel besichen.

Ausserdeem an der Artbox: d'Theaterstéck "Rumpelstilzchen" am Groussen Theater, den neie Programm "Ex(s)ilium" vun der Dänzerin Sylvia Camarda an 90 Sekonnen fir den Danzprojet Undo.


D'ArtBox: All Samschdeg um 19.00 Auer live op Télé Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu. An duerno och am Replay op RTL.lu.