FOTOGALERIEBrit-Pop, Hiphop a Supertramp-Hits op der Night of the Proms

Si ass zënter 7 Joer fest am Kalenner vun der Coque programméiert. Um Donneschdeg den Owend war nees Night of the Proms um Kierchbierg.

FOTOGALERIE: Och vill flott Fotoe vun der Night of the Proms 2017 vum Roland Miny op pressphoto.rtl.lu.

Op der Bühn stoungen de Peter Cetera, de Sänger vun der fréiere amerikanescher Kultband Chicago, d'Ex-Spice Girl Melanie C, Culcha Candela aus Däitschland, de Ex-Supertramp Roger Hodgson, dat 16 Joer aalt talentéiert Emily Bear op sengem Piano an natierlech de Mister Music himself, den John Miles, huet net däerfe feelen.

De ganzen Owend si Kënschtler vum "Antwerp Philharmonic Orchestra" ënner der Leedung vun der Alexandra Arrieche a vum Chouer Fine Fleur begleet ginn.

De flotten a gemittlechen Owend gouf vum Dan Spogen presentéiert.

Roger Hodgson© Pressphoto.rtl.lu


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.