ErënnerungsconcertIn memoriam Lisa Berg, Nadine Bichler a Carlo Gratias

De Barockensembel Ad Libitum spillt de Samschdeg, 6. Januar um 20 Auer an der protestantescher Kierch an der Stad.

Um Programm vu Laurie Dondlinger, soprano, Gaëlle Vien, soprano, Ria Lucas, flûte à bec, Jean-Paul Hansen, hautbois, Anne Clement, flûte à bec a viole de gambe, a Rosch Mirkes, clavecin an orgue, sti Wierker vu Bach, Carissimi, Corelli, Corette an Händel.

Den Entrée ass fräi.

Mat deem Concert op Dräikinneksdag gëtt un d'Lisa Berg, d'Nadine Bichler an de Carlo Gratias erënnert.