VIDEO: Multi-Scale LuxembourgLëtzebuerg ganz kleng

Ronn 350 Maquettë goufen dem LUCA vun Entreprisen, Architekten an ëffentlechen Institutiounen zur Verfügung gestallt.

Lëtzebuerg ganz kleng (10.01.2018)
Fir säi 25. Anniversaire weist de "Luxembourg Center for Architecture" eng Sammlung vu Maquetten an enger Ausstellung.
Fir säi 25. Anniversaire kuckt de LUCA, de Luxembourg Center for Architecture, mat enger Ausstellung vu Maquetten zeréck op d'Entwécklung vun der nationaler Baulandschaft.

Multi-Scale Luxembourg weist Miniatur-Versioune vun ëffentlechen a private Gebaier vun de fréien 90er-Joere bis haut.

D'Expo leeft nach bis de 24. Februar.

Expo "Multi Scale Luxembourg" (13.01.2018)
Iwwer 350 Maquettë ginn en Iwwerbléck iwwer d'Archtitektur an de leschte Joerzéngten zu Lëtzebuerg.