VIDEO: An der ArtBox vum 13.1.2018D'Illustratrice Lynn Cosyn

Hir Figure wierke positiv a charmant a ginn en Abléck an déi verdreemten Zeechewelt vum Lynn Cosyn.

D'ArtBox mam Lynn Cosyn (13.01.2018)
All Woch si mir mat engem Kënschtler ënnerwee an kréien en Abléck an säin Alldag.

D'Kënschtlerin wunnt a schafft zu Oochen an huet sech elo bannent kierzter Zäit en Numm gemaach. Hir Figure begéint een op deenen ënnerschiddlechste Plazen an ëmmer stiechen se engem direkt an d'A.

Doniewent dréit sech am Ausstellungszyklus "Intro" dëse Mount alles ëm d’Fotografie. D’Jill Bettendorff an de Bruno Oliveira, allebéid Gewënner vun "Generation Art", erklären eis déi ënnerschiddlech Geschichte vun hire Fotoen.

Mat der Expo "Multi Scale" weist den Architekturzenter Luca mat enger Rëtsch Maquetten d'Diversitéit vun der Architektur.

D‘Blues Band "Crossroads" kritt hir 90 Sekonne Musek.

D'ArtBox: All Samschdeg um 19.00 Auer live op Télé Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu. An duerno och am Replay op RTL.lu.

Kultur Agenda (13.01.2018)
Expo, Theater, Konzerten, Events: de kulturellen Agenda vun der Télé