VIDEOExpo "Intro" beim Engel
Am Konschthaus beim Engel steet all Mount en anere Konscht-Genre am Mëttelpunkt. Am Januar ass et d'Fotografie.
Vun RTL
Dräi Kënschtler goufe mat hire Wierker fir dës Ausstellung selektionéiert. Nieft dem Severine Peiffer sinn et zwee Nimm, déi een duerch "Generation Art" dierft kennen. Et sinn d'Laureate vun der Staffel 2 an 3, d'Jill Bettendorf an de Bruno Oliveira.
D'Jill Bettendorf huet sech, als Stadmënsch, vrun allem vun der Natur inspiréiere gelooss.
De Bruno Oliveira war op de Spure vu sengen Originnen a Portugal an huet vill intressant Erfarungen an Emotiounen senge Biller festgehalen.
Är Commentairen - Netikett
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.