VIDEO: Dës Woch an der ArtBoxDen Zeechner Marc Angel

Viru kuerzem koum den zweeten Deel vu senger BD iwwer de JAS eraus.

ArtBox mam Marc Angel (20.01.2018)
All Woch si mir mat engem Kënschtler ënnerwee an kréien en Abléck an säin Alldag.
D'Figur vum Jas baséiert op enger Éisleker Legend an taucht ëmmer dann op, wann Nout a Misère ass. Den zweeten Deel vun der Geschicht vum Moler Marc Angel an dem Zeenarist Jean-Louis Schlesser spillt am Zweete Weltkrich.
An der Artbox erkläert de Marc Angel eis, wéi esou Geschichten entstinn an hëlt eis mat a säin Univers an a säin Atelier.

Ausserdeem an der Artbox: "Funeral Blues" e Music-Theater-Stéck mat der Pianistin Cathy Krier am Groussen Theater an d'Expo "Pardon my language" an der Galerie Zidoun-Bossuyt am Gronn.

An 90 Sekonne ginn et fir dem Jean-Paul Maes seng Theaterinszenéierung vum Franz Kafka sengem Text "Die Verwandlung".

Kultur Agenda (20.01.2018)
Expo, Theater, Konzerten, Events: de kulturellen Agenda vun der Télé

D'ArtBox: All Samschdeg um 19.00 Auer live op Télé Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu. An duerno och am Replay op RTL.lu.