VIDEOExpo "Pardon my language"

D'Galerie Zidoun&Bossuyt am Gronn weist Wierker vu 7 Kënschtler.

Expo "Pardon my language" (20.01.2018)
Eng nei Expo mat 7 Kënschtler, dat bitt d’Zidoun & Bossuyt Gallery am Gronn momentan un. Curateur ass den Tomokazu Matsuyama. ...

Nieft dem Tomokazu Matsuyama, deen och de Curateur ass, stellen hei nach de Wim Delvoye, de Carlos Rolón, de Robert Lazzarini, den Jayson Musson an d’Alison Elisabeth Taylor aus. Si all hunn hire ganz eegene Stil. An awer passe si hei an der Expo ganz gutt beieneen.

A senge Wierker wëll de gebiertege Japaner, deen elo zu New York wunnt, historesch a neizäitlech Traditiounen esou wéi verschidde Kulture matenee verschmëlzen. Dofir inspiréiert hie sech u Wierker, déi et ewell ginn a setzt se an enger verännerter Form a seng Biller.

Den Tomokazu war scho virun der Expo ee Supporter vun deenen anere Kënschtler a freet sech dowéinst ëmsou méi hei mat hinne kënnen auszestellen. 

D'Ausstellung ass bis den 3. März an der Gallery Zidoun&Bossuyt ze gesinn.