VIDEO: KannertheaterDe Festival Minimënster an der Abtei Neimënster

An der Abtei Neimënster kommen net just déi erwuesse Kultur-Intresséiert op hir Käschten.

De Festival Minimënster an der Abtei Neimënster (21.01.2018)
An der Abtei Neimënster kommen net just déi erwuesse Kultur-Intresséiert op hir Käschten.

Während der Theatersaison vun Hierscht bis Ugangs Summer leeft nämlech och de Festival „Minimënster“. Et ass déi éischt Editioun vun dëser kultureller Programmatioun fir Kanner vu 6 Joer un. Gewise gi verschidde Theatertécker op franséisch, däitsch, lëtzebuergesch an och ouni Sprooch.

Et gëtt jee eng Virstellung fir Schoulklassen an eng fir de Grand Public.

Eng Bande dessinée emol net reng um Pabeier, mee op engem Ecran. Skreek – A Comic Revolution ass en Stéck, dat de Public an eng Welt tëscht Kino, Theater an Zeechetrick entféiert.



Dat Speziellt um Stéck ass, dass dem Jean Luck säi Spill sech quasi reng hannert der Bühn ofspillt. Dat heescht de Comicheld gëtt permanent mat 4 verschidde Kameraen an engem schwaarz wäissen Decor gefilmt an dat gëtt dann op den Ecran projezéiert, deen de Public gesäit. Gläichzäiteg ass d’Schöpferin vum Jean Luck ze gesinn, déi mat Text duerch d’Stéck féiert an hir Comicfigur esouzesoe steiert.

Dës Produktioun ass nëmmen eng vu villen déi am Kader vum Festival Minimënster opgefouert ginn.

Bis Juni nach gi verschidde Stécker op lëtzebuergesch, däitsch a franséisch an och Danzprojeten ouni Sprooch presentéiert. Fir déi éischt Editioun vu Minimënster huet een d’Méiglechkeet, op der Bühn Märchefiguren grad wéi Perséinlechkeeten aus der Vergaangenheet op eng nei Manéier z’entdecken.

All Stéck gëtt emol fir Schoulklassen an emol fir de Grand Public gespillt. Tickete kann een bei der Abtei Neimënster reservéieren.