INTERVIEW - "Phantom Thread"Begeeschterung a Bewonnerung fir d'Vicky Krieps

Fir déi eng ass et de leschte Film vum Daniel-Day Lewis, hei zu Lëtzebuerg an den éischten Hollywood-Film vum Vicky Krieps.

"Phantom Thread": De ganzen Interview mam Vicky Krieps (02.02.2018)
Fir déi eng ass et de leschte Film vum Daniel-Day Lewis, hei zu Lëtzebuerg an den éischten Hollywood-Film vum Vicky Krieps.
En Donneschdeg den Owend ass dem Paul Thomas Anderson säi "Phantom Thread" en Avant-Première,  an am Kader vum "LuxFilmFest", gewise ginn, dat a Präsenz vun der Haaptactrice, déi dunn och hirer Famill weise konnt wat se kann. An déi ware voller Begeeschterung a Bewonnerung fir hir formidabel  Leeschtung.

Reaktioune vun der Famill vum Vicky Krieps



An nëmmen d'Famill Krieps, och de Rescht vum Lëtzebuerger Public war nom Film impressionéiert, virop och d'Presidentin vum Filmfestival, d'Colette Flesch. De Film wier speziell, schéin ze kucken an d'Acteure excellent.

D'Reaktioune vum Public nom Film



Vum 14. Februar un kann ee "Phantom Thread" am reguläre Kinosprogramm gesinn.

D'Vicky Krieps am Interview (01.02.2018)
Am Kader vum Festival war et och um Donneschdeg d'Avant-Première vum Film "Phantom Thread" mam Daniel Day Lewis an dem Vicky Krieps.

D'Vicky Krieps stellt "Phantom Thread" vir (01.02.2018)
Dëst Joer ass déi 8. Editioun vum Lëtzebuerger Filmfestival, an dat vum 22. Februar bis de 4. Mäerz.

Trailer Phantom Thread


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.