Lëtzebuerg goes VRVirtual-Reality-Pavillon während dem Filmfestival am Casino

De Xavier Bettel huet zesumme mam Filmfong an an Zesummenaarbecht mat Digital Lëtzebuerg an dem Casino, nei Virtual Realitiv-Initiativë virgestallt.

© AFP (Archivbild)
Déi virtuell Realitéit gëtt ëmmer méi grouss, kritt ëmmer méi eng grouss Bedeitung. De Grand-Duché wëll mat vir bäi sinn an dowéinst huet de Premier, Kommunikatiouns- a Kulturminister Xavier Bettel, zesumme mam Filmfong an Zesummenaarbecht mat Digital Lëtzebuerg an dem Casino – nei VR-Initiativë virgestallt.



Déi sinn interaktiv, verbanne Film a Konscht a si méi wéi just e Casque, sou de Xavier Bettel um Donneschdeg de Moie bei der Presentatioun. Déi Technik bréngt et fäerdeg, de Mënsch mat an de Film eranzebréngen. Dat wier eng Experienz wou een net nëmmen héiert a gesäit, mä och spiert, richt, fillt an erlieft. Dofir gëtt de Xavier Bettel dann och de Rot, dass jidderee während dem Filmfestival soll vun där gratis Experienz profitéieren.

De Xavier Bettel iwwer Virtual Reality



De Virtual Reality Pavillon wäert während dem Filmfestival vum 21. Februar bis de 4. Mäerz am Casino an der Ënneschtgaass sinn. Fir verschidden Experienze muss ee sech aschreiwen, vun anere kann een ouni Reservatioun profitéieren.

Nom Festival wäert de Casino och en eegene Raum fir déi virtuell Realitéit ariichten.



Virtual Reality - De Reportage vum Carine Lemmer



Link: Pressecommuniqué vum Filmfong

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.