Bekannt aus "Psycho"Den US-Schauspiller John Gavin ass dout

Den Acteur, dee virun allem duerch seng Roll am Alfred Hitchcock sengem "Psycho" bekannt ass, ass am Alter vu 86 Joer am Krees vu senger Famill gestuerwen.

Den John Gavin 1964 a senger Roll am Film "Destry"© Wikipedia

D'Nouvelle, dass den John Gavin gestuerwen ass, hunn um Freideg US-Medie gemellt. Si beruffe sech op e Spriecher vum Schauspiller senger Fra. Nieft senger Acteurcarrière, war den John Gavin och amerikaneschen Ambassadeur a Mexiko ënnert der Regierung vum Ronald Reagan.