Mat 48 Joer gestuerwenDe Filmkomponist Jóhann Jóhannsson ass dout

De Filmkomponist Jóhann Jóhannsson ass am Alter vun 48 Joer gestuerwen.Hie gouf dout a senger Wunneng zu Berlin fonnt, sou säi Management e Sonndeg.

© AFP
No Grond gëtt den Ament nach ermëttelt, et géifen awer keng Indice fir e friemt Awierke ginn.

De Jóhann Jóhannsson ass weltwäit bekannt ginn, nodeems hien 2015 de Golden-Globe fir d'Musek vum Film "The Theory of Everything" kritt hat.  De Film portraitéiert d'Liewe vum Physiker Steven Hawkins. Hien huet awer och d'Filmmusek fir "Prisoners", "Sicario" an "Arrival" a villen anere Filmer komponéiert.

Hien huet och aktiv beim Film "End of Summer" am Joer 2016 matgeschafft.