USABundesstaat New York verklot Harvey Weinstein

De Bundesstaat New York mécht elo eescht, a verklot d'Weinstein-Bridder, den Harvey an de Robert, an och hir Produktiounsfirma.

Dat well d'Entreprise hir Salariéen net genuch viru sexuellen Harcèlementer protegéiert huet.

Ewell reprochéiere schonn iwwer honnert Fraen dem Harvey Weinstein sexuell Belästegung oder Vergewaltegung.