National Portrait GalleryPortraite vun den Obama's zu Washington presentéiert

Um Méindeg sinn d'Portraite vum fréieren US-President Barack Obama a senger Fra Michelle zu Washington virgestallt ginn.

Den Ex-Staatschef an déi fréier First Lady ware bei der Presentatioun vun de Wierker vun den afroamerikanesche Kënschtler Kehinde Wiley an Amy Sherald sur Place.

"Zimlech schaarf", dat waren d'Wierder vum Obama, wou en de Portrait vu senger Fra gesinn huet. Hien huet sech fir déi gelongen Duerstellung vu hir bedankt: "Schéinheet, Intelligenz, Charme an Attraktivitéit vun där Fra, déi ech gär hunn, wiere spektakulär duergestallt ginn", sou de 44. US-President.

De Portrait vum Obama weist de fréiere President mat selbstbewosstem, eeschte Bléck op engem Stull an am Hannergrond eng dicht Vegetatioun, déi u säin Heemechtsstaat Hawaii erënnert. D'Kënschtlerin Sherald huet de Portrait vum Michelle Obama haaptsächlech a Gro-Téin gemoolt, mat Ausnam vun e puer faarwegen Akzenter um Kleed vun der fréierer First Lady.

An der National Portrait Gallery zu Washington hänken d'Portraiten vun alle fréieren US-Presidenten. De Portrait vum Michelle Obama wäert bis November do ausgestallt sinn.



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.