Berlinale 2018 - 2. Blog vum Joy HoffmannBis elo nach net vill Rares an der Selektioun ...

Wann ee just mat laangjäreger Erfarung vu Cannes fir d’éischte Kéier d’Berlinale mat enger Pressekaart suivéiert, kann ee schonns emol iwwerrascht ginn.

© AFP

Esou kréie mer all Dag e Mail fir ons am Detail ze informéieren, wat fir Acteuren/tricen oder Realisateuren/tricen, wéini genau zu Berlin/Tegel landen. Et huet ee scho bal e schlecht Gewëssen, wann ee se net op de Fluchhafen empfänke geet. Mä d’Filmer ginn halt vir.

A virun allem dee vill erwaarten Ouverture Film  ISLE OF DOGS  vum Wes Anderson. An enger japanescher Stad, 20 Joer an der Zukunft, an ënnert dem Pretext dass d’Hënn all vu Krankheete befall sinn, verjot de korrupte Buergermeeschter, ouni der Wëssenschaft Zäit ze loossen, fir de Problem ze léisen, all d’Muppen op e risegen Dreckstipp op enger Insel. Dem klengen Atari säin Hond Spots lant och an deem verseuchte Lager, an de Bouf geet no him sichen mat der Hëllef vun enger Band vun verwëllerten Hënn, dofir den däitschen Titel “Ataris Reise”. Parallel dozou rifft eng jonk amerikanesch Aktivistin d’Japaner op, sech géint d’Diktatur vum Buergermeeschter a seng Arméi vu Roboteren ze wieren.

Am Ufank vum Film ass een iwwerwältegt a matgerass duerch di villschichteg an debordant Imaginatioun vum Wes Anderson, de kuriéisen Inserten, skurrille Personnagen, witzegen Dialogen an originelle visuellen Afäll. No an no kënnt dann eng éischter simpel, kannerfrëndlech Geschicht mat gutt gemengter Gesellschafskritik op, ronderëm Theme wéi politeschen Terror, Diktatur, Persecutioun vu Minoritéiten, Flüchtlingskris, Ëmweltverschmotzung an alles, wat ee sech esou ausdenke kann. Als Erwuessenen ass ee villäicht dann nach bereet, de Film als eng Form vu Fabel ze acceptéieren, besonnesch och wou de Film ni an de Kitsch oder d’Sentimentalitéit vun esou munchen Hollywood-Zeechentrickfilmer verfält an et éischter rau tëschent der ganzer Band vun Hënn hiergeet. Mä da fänkt et un ëmmer méi mat der Geschicht ze happeren; et heefe sech d’Repetitiounen, an dat Ganzt gesäit och ëmmer méi aus wéi eng Rei vu Sketcher, déi zwar kënne ganz gelonge sinn, wéi d’Seduktiounszeen aus dem “Lady and the Tramp” mat der sexy Stëmm vum Scarlett Johansson, déi awer zimlech chaotesch an ouni Konzept dohier kommen. Di allermeeschte Kritiker minimiséieren dës manifest Schwächt a bleiwe vun der origineller Form an dem Witz vun der Animatioun begeeschtert. Mir dogéint hunn no enger gewësser Zäit duerch de Chaos an d’Lacunnen an der Geschicht ëmmer méi d’Attentioun an den Interêt verluer, wat richteg schued war.

Erstaunlech eigentlech, dass de Robert Pattinson och hei zu Berlin nach ëmmer Teenien an Hysterie versetzt, obschonn e versicht huet, sech mat e puer méi schwierege Rollen a relativ ambitiéise Filmer vun dem Twilight-Saga-Image ze befreien. De Film DAMSEL vun den US-Bridder David an Nathan Zellner hätt en awer besser gehat, sinn ze loossen. An dësem Western versicht hien, seng anscheinend gekidnappte Freiesch ze recuperéieren an ze bestueden. Et kënnt allerdéngs alles total anescht wéi erwaart. Di zwee Bridder, déi de Film produzéiert, geschriwwen a realiséiert hunn, an dann och nach 2 Haaptrollen spillen, hu sech wuel un dem decaléierten Humor vun de Coen-Gebridder inspiréiert mat der Ambitioun, di traditionell Western-Klischeeën ze ënnergruewen. Et gëtt och eng Rei vun originellen Iddien, déi dann awer schlecht ausgenotzt sinn an einfach flaach falen, well d’Realisateuren einfach kee Sënn fir Rhythmus hunn. Dëse Film ass e richtege Langweiler a gréisstendeels esou däämlech a kannereg, datt ee sech freet, wat dee Film an der Kompetitioun ze sichen huet. Et besteet also de Verdacht, dass et drëm gaangen ass, de Pattinson op Berlin ze kréien, a sech bei  “ME TOO” bäizeschmieren, well am zweeten Deel vum Film, d’Mia Wasikowka et de Männer gehéiereg lafen deet.  

Ass net och d’Isabelle Huppert doru schëlleg, dass EVA vum Benoît Jacquot hei an der Competitioun leeft? Dëse pseudo erotesch-psychanalytischen Thriller, no engem Roman vum James Hadley Chase, an deem e Schrëftsteller, deen duerch e gestuelene Roman berühmt gëtt, sech an eng Prostituéiert verléift, gëtt vum franséische Realisateur distant, kal an ouni Spannung inzenéiert. Net emol an der Relatioun tëschent dem Isabelle Huppert an dem  Gaspard Ulliel kënnt eng Onz vun Erotik oder Mystère eriwwer, déi de Spectateur iergendwéi interesséiere kéint. E sterillen an iwwerflëssege Kompetitiounsbäitrag.

Gott säi Dank si mer fir dës Frustratioune kompenséiert ginn, duerch eng kleng Produktioun aus dem Paraguay LAS HEREDERAS (The Heiresses) vum Marcelo Martinessi, ouni grouss Nimm a finanziell Moyenen, an där de Niddergang vun enger feudaler Bourgeoisie op ganz touchant Manéier aus der Perspektiv vun enger eelerer lesbescher Koppel an hire Frëndinne beschriwwe gëtt. Wann den Niveau vun der Kompetitioun sech net drastesch verbessert, musse mer dëse Film herno an dem Palmarès erëmfannen.

Joy Hofmann

 

 

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.