D'Spannung war grouss ...Elo wësse mer et: De STING kënnt den 30. Juni an d'Rockhal

No senger ausverkaafter Show den 1. Abrëll 2017 kënnt de Sting op Lëtzebuerg zeréck. Dës Kéier fir en Open-Air-Concert.

Den 30. Juni spillt hien um Parvis vun der Rockhal ze Esch. Eng Première fir den Organisateur.

"Sting" - Open Air virun der Rockhal



Ugangs der Woch gouf op der Facebook-Säit vun der Rockhal e Clip gepost an deem e ganzt speziellt Evenement den 30. Juni annoncéiert gouf. Ëm wéi ee Museker, Band oder Gig et geet, war e grousst Geheimnis.



D'Tickete ginn den 23. Februar um 10 Auer an de Virverkaf, mä RTL.lu gëtt Iech awer elo schonn d'Geleeënheet, fir gratis beim Concert mat derbäi ze sinn. Wat musst der dofir maachen?

Schéckt einfach eng SMS mam Stéchwuert "sting" an Ären Numm an E-Mail-Adress op de 62468 (0,50 € / SMS) a gewannt Är 2 Ticketen.

Vill Gléck!

D'Gewënner ginn den 23. februar um 9 Auer verspillt.


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.