European Garden Photography Award 2018Gewënnerin ass d'Lëtzebuergerin Marianne Majerus

D'Gewënnerfoto "Mediterranean Dawn" ass zu Korfu an engem private Gaart gemaach ginn an ass Deel vum Marianne sengem neie Buch.

D'Marianne Majerus huet den Titel vum "European Garden Photographer 2018", dee vum Schlosspark Dennenlohe (Däitschland) an Zesummenaarbecht mam jäerlechen "International Garden Photographer of the Year"-Concours vergi gëtt, gewonnen.
An Zesummenaarbecht mam Rachel Weaving gëtt am Fréijoer hiert Buch "Gardens of Corfu" publizéiert.

Dem Marianne seng Aarbecht ass och an anere Kategorië gelueft ginn.

D'Marianne ass zu Lëtzebuerg gebuer. Hir Aarbecht ass vill gesicht an a ganz Europa bekannt. Si contribuéiert reegelméisseg  bei nationalen an internationalen Publikatiounen an hir Billerbibliothéik, déi zu London ass, liwwert Biller fir onendlech vill Bicher.

Hir rezentst Publikatioune sinn: Gardens of the Italien Lakes (Frances Lincoln), Garden Desing: A Book of Ideas (Mitchell Beazley) a First Ladies of Gardening (Frances Lincoln).
D'Buch, Die geheimen Gärten Luxemburgs, verëffentlecht vun Editions Binsfeld, ass elo e Sammelgéigestand.

Hei kënnt Dir Andréck vum Marianne Majerus senger Aarbecht gewannen: www.mariannemajerusportfolio.com



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.