VIDEO: RTL-SproochmatesDen Alain Atten krut 80 Joer a ganz vill Leit hu gratuléiert

Felicitéieren, gratuléieren, wënschen - also wann ee weess, wéi et richteg ass a wou et hierkënnt, dann den Alain Atten. De krut en Donneschdeg 80 Joer.

Den Alain Atten am Live Planet People (23.02.2018)
En Donneschdeg hat den Alain Atten seng 80 Joer gefeiert.


Alain Atten: "Felicitéieren"



Den Alain Atten ass den 22. Februar 1938 op d'Welt komm an dat huet RTL de ganzen Donneschdeg iwwer um Radio an op RTL.lu mat ville flotten Anekdote gefeiert. Déi a vill Gléckwënsch kënnt Dir hei drënner nolauschteren.

Den Alain Atten ass och eisen Invité am Live! e Freideg um 19 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg.


Wann ee feiert, da gëtt och gelaacht, a laache kann de Sproochmates, och wa mol bei den Opnamen um Radio eppes schif geet.

Och den Alain Atten fält emol iwwer seng Wierder



E Mann, deen den Alain Atten gutt kennt, ass de Fernand Mathes, hien huet jo och ganz laang um Radio geschafft ...

De Fernand Mathes



Eise Sproochmates, de Sproochewëssenschaftler huet nieft dem Radio och Theater gemaach an huet och de Max a Moritz op Lëtzebuergesch iwwersat, als "Max a Miz".

Alain Atten: "Max a Miz"



An dann huet den Alain Atten eng ganz grouss Passioun, a vun där erzielt eis de Maître Gaston Vogel mat dem den Alain Atten scho Jore laang befrënnt ass.

De Gaston Vogel



An déi perfekt Actrice fir d'Jeanne d'Arc a sengen Dokumentatiounen ze spillen, schéngt den Alain Atten dann och hei bei RTL fonnt ze hunn, an dat an der Persoun vum Raphaelle Dickes.

D'Raphaëlle Dickes



An eent vun de Meedercher ass d'Marie Gales, an dat gratuléiert dem Alain Atten dann och fir den 80.

D'Marie Gales



Den RTL-Sproochmates huet a sengem Liewe vill Bicher geschriwwen an iwwersat a sech natierlech ganz vill mat Sprooche beschäftegt. An esou huet hien d'Myriam Welschbillig och kennegeléiert. Si ass Iwwersetzerin a mécht Korrektorat a Lektorat a schafft dowéinst ganz dacks mam Alain Atten zesummen ...

D'Myriam Welschbillig





... an et léiert een net nëmmen eppes bäi, ma et gëtt een och nach ënnerhal. Well den Alain Atten huet och Theater-Stécker geschriwwen. De Marcel Hamillius kennt den Alain Atten duerch d'RTL-Déckkäpp an huet fir e puer Theaterproduktiounen mam Alain geschafft.

De Mars Hamilius



Eise Sproochmates ass einfach Kult. Net eleng wéinst senger propperer Sprooch, och wéinst senger Stëmm a senger Manéier fir ze schwätzen, wou een hien ënner Honnerten erëmerkennt. E Mëttwoch bei Greis/Valerius hate sech och 2 Leit erageschleist, déi den Alain Atten ëmmer nees gären imitéieren. An et war een op d'Reaktioun vum Concernéierten gespaant. Voilà!

Alain-Atten-Imitatiounen



D'Equipe vum "5 vir 12" hält awer och grouss Stécker op den AA, ugefaang beim Gérard Valerius:

De Gérard Valérius



Och de Jemp Schuster zitt seng Kap virun dem 80-Järegen:

De Jemp Schuster



An de Lucien Czuga wëll d'Geleeënheet notzen, fir sech z'entschëllegen:

De Lucien Czuga



De Sproochmates op RTL: De Spezialist vun ale lëtzebuergeschen Ausdréck a Riedensaarten.

RTL wënscht dem Sproochmates All Guddes. Prost, Gesondheet, Alain Atten!


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.