Optakt LuxFilmfest 2018Am Interview mam Realisateur, Acteur a Produzent Atom Egoyan

International wéi national Gréissten weisen an den nächsten 10 Deeg hir Filmer um Luxembourg City Film Festival.

LuxFilmfest 2018: Am Gespréich mam Atom Egoyan (22.02.2018)
De Interview vum Claudia Kollwelter.
Optakt vum LuxFilmfest 2018 / Reportage Claudia Kollwelter



En Donneschdeg war déi grouss Ouverture vum Festival, mam Film "The Breadwinner", deen an der Course fir d'Oscaren ass. Et war déi Geleeënheet fir engersäits mam President vum Jury ze schwätzen, awer och mat engem Lëtzebuerger Realisateur deem säi Long-métrage an der Competitioun mat dobäi ass.

FOTOGALERIE: Andréck vun der Ouverture vum LuxFilmFest vum Roland Miny op pressphoto.rtl.lu.

De kanadesche Realisateur, Acteur a Produzent Atom Egoyan huet scho sëlleche Präisser op de gréisste Festivaller weltwäit gewonnen, war awer och schonn dacks Member vun Juryen op Festivaller. De LuxFilmfest wier ganz speziell, vue datt et keng Premiere sinn déi gewise ginn, mä Filmer déi op anere Festivaller ausgesicht goufen.

"D’Qualitéit vun de Filmer ass also e gutt Stéck méi héich. Dat mécht de Choix spéider fir de Präis natierlech méi schwéier. Mä et ass awer eng Geleeënheet seng eege Sensibilitéiten ze verfeineren an iwwer Kino ze schwätzen. Fir e Cinéphile wéi ech ee sinn, ass et e schéinen Zäitverdreif an eng grouss Éier an och eng grouss Freed."

Festivaller wieren extrem wichteg fir Realisateuren, engersäits wëll een d'Méiglechkeet kritt d'Aarbechte vu Kollegen ze gesinn an och eppes bäizeléieren, mä natierlech och fir déi eegene Aarbecht ze presentéieren an ze gesinn, wéi de Public dorop äntwert.

"Wann s de spiers, datt et funktionéiert, den Distributeur ass do an de Film konnt wéinst de Reaktiounen um Festival verkaf ginn, bedeit dat ALLES. Ech verdanke meng Carrière Festivaller wéi Cannes oder Berlin. Déi Plattformen waren enorm fir mech."

Mat an der offizieller Kompetitioun ass och déi Lëtzebuerger Koproduktioun "Gutland" mat ënnert anerem Lëtzebuerger Acteure wéi dem Marco Lorenzini an dem Vicky Krieps. De Film gouf am Ausland schonn op ville Festivaller gewisen, dorënner Toyko a Rotterdam.

Wéi gesäit de Realisateur Govinda Van Maele dann d'Chancen op de Präis?

"Un de Präis denken ech net wierklech, fir déi meescht Realisateuren ass et esou, dass ee frou ass, dass ee selektionnéiert ass. De Lëtzebuerger Filmfestival ass e bësse mäin Homebase-Festival, ech hu meng Kuerzfilmer all hei gewisen an ech sinn immens stolz, dass mäi Film hei kann an der Kompetitioun lafen."

E Samschdeg ass iwwregens d'Premiere vum Film Gutland, deen da vum 2. Mee un an de Lëtzebuerger Kinossäll ze gesinn ass.

FOTOGALERIE vun der offizieller Ouverture vum Festival
FOTOGALERIE: Andréck vun der Ouverture vum LuxFilmFest vum Roland Miny op pressphoto.rtl.lu.

 

 

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.