LuxFilmfest 2018 - Blog 2Gutland: Sweet Country, Sweet Jesus!

De Jemp Thilges suergt mat sengem Blog fir den Iwwerbléck iwwer déi 10 Deeg vum Festival an deelt esou seng Andréck, Kritiken a Rencontere mat.

Am Géigesaz zu anere Filmfestivallen ass et hei zu Lëtzebuerg net méiglech, vu Moies bis Owes am Kino ze sëtze fir sou vill wéi méiglech Filmer NET ze verpassen, well de LuxFilmFestival sech op mannst an der Woch just op d’Owesvirstellunge konzentréiere kann. Et verluppt een also grad sou vill wéi ee gesäit, well ee jo net op zwou Plaze gläichzäiteg si kann. Also versicht een dat Bescht draus ze maachen.

E Samschdeg heescht et op jidder Fall, net dem Govinda van Maele säi GUTLAND ze verpassen, an deem de Frederick Lau, d’Vicky Krieps an de Marco Lorenzini, nieft enger Hickecht vun net professionelle Schauspiller, virun der Kamera stinn, an engem Film deen ee béisen Zongen no och “De Kale Bauer” hätt kënnen nennen. Ënner der attraktiver Decke vun engem “Heimatfilm”, wéi se an Däitschland nom Krich gang und gäbe waren (hei gëtt allerdéngs net gesongen), huet den Govinda nämlech de “Lëtzeboier” an de “Lëtzebaueren” en Denkmal gesat, wat déi ënner Ëmstänn (wann se da richteg dohi kucken) net onbedéngt als Kompliment ophuele wäerten.

D’Geschicht spillt am fiktiven Duerf Schandelsmillen “haut”, wou enges Daags en zimlech luschen Däitschen opdaucht, vun deem keen sou richteg weess, wou en hierkënnt an op en eventuell eng gestiicht huet. Hie gëtt zwar net direkt mat oppenen Äerm empfaangen, mä fënnt awer séier eng Aarbecht, eng Frëndin an dierf souguer an der Duerfmusek matspillen, obwuel en nach ni eng Trompett am Grapp hat. Dat idyllescht “lëtzeboiescht” Duerfgléck schéngt deemno an der Rei ze sinn, mä iergendwéi kréckelt et lénks a riets an deenen alen Holzbalke vun de Bauerenhaiser an och an der enger oder aner Piffkaul mëffelt et nawell zimlech staark, well och hei am Land ginn anscheinend Saachen ënnert den Teppech gekiert, well mir ebe bleiwe wëlle wat mer sinn. A wann's de scho bei eis an d’Land komme wëlls, dann…De Rescht gitt Der Iech an de Kino ukucken, well ech hunn Iech schonn ze vill verroden.

GUTLAND, dee seng Weltpremière zu Toronto um Festival hat an do extrem gutt ukoum, ass ënner senger wonnerschéi fotograféierter Fassad en nawell ganz béise Film, dee kengem e Cadeau mécht an dee besonnesch gutt an déi aktuell Diskussioun ëm Asylrecht, Nationalitéit a Sproochen erapasst, bei deier sech jo och bei eis am Land eng Hellewull Leit sech net onbedéngt mat “Ruhm” beklécken. Dat dem Jens seng Geschicht net dohi féiert, wourop de rouegen Ufank vum Film hindeit, ass mëttlerweil gewosst, dat den Heimatfilm zu engem soziologesch-subtillen Thriller degeneréiert ass déi grouss Iwwerraschung vum Film, allerdéngs sollt een op kee Fall mengen, et géif een elo e provënziellen “Tatort” kucke goen – “provënziell” ass scho richteg, an “Tatort” nawell och,  awer wann dann d’Aen engem opgi wéi Gënzescheeken ass déi däitsch Krimiserie vum Sonndeg Owend just nach e Souvenir, hei gëtt nämlech ganz déif an der “Piffkaul” gerouert. GUTLAND leeft an der Kompetitioun.

Och wann ee kéint mengen, den Titel vu mengem Blog géif sech just op de GUTLAND bezeien, an och wann déi aner zwee Titele ganz gutt zum Van Maele sengem Film passe géifen, da sidd Der mer an d’Fal gaangen. Ee vun de beschte Filmer, déi der nämlech dëst Joer beim LuxFilmFest kucke kënnt, ass d’australesch Produktioun SWEET COUNTRY vum Warwick Thornton (Samson & Delilah), déi ech och zu Toronto entdeckt hat, wou de Film – grad wéi zu Venedeg am September – och e Präis krut.

SWEET COUNTRY spillt an den 1920er Joren am australeschen Outback an ass eng Zort Western, an deem en eeleren Aborigene e brutale wäisse Farmer an Noutwier ëmbréngt an dowéinst verfollegt gëtt, well deemools d’Urawunner vun Australien vun de Wäissen als Sklaven an als Fräiwëld ugesi goufen. Genee wéi am GUTLAND stécht also och am SWEET COUNTRY vill méi hannert der Fassad vun engem Genrefilm, wéi een op den éischte Bléck menge kéint. An déi knaschteg Schéinheet vun de Biller ass och nawell e Bléck wäert. (Kompetitioun)

De “Sweet Jesus” aus mengem Titel, deen och op de GUTLAND passe géif, ass allerdéngs op den dänesch-schwedesch-hollännesche Film HOLIDAY vum Isabella Eklöf  gemënzt, dee mech perséinlech ugeeekelt huet. D’Madamm Eklöf schéngt mat hirem Wonsch de Publikum ze schockéieren an iwwer dat, wat hier männlech Kollegen am Kino verbriechen, nach e Stéck méi wäit ze goen, nämlech meilewäit iwwert d’Zil erausgeschoss an a mengen Aen eppes reegelrecht Rëffeges ze dréien, dat déi männlech “Sexiste” quasi wéi Massendénger ausgesi léisst. Matten am Film huet déi Damme et dann och nach fäerdeg bruecht, eng net simuléiert Sexzeen an hire Film anzebréngen, déi un Humiliatioun fir d’Schauspillerin kaum ze iwwerbidden ass an déi och matbréngt, dat HOLIDAY nëmme vun 18 Joer un dierf gekuckt ginn.

Wann déi “rëffeg” Zeen (pardon fir den Ausdrock) nach an iergendeppes agebonne wier, dat Sënn ergëtt, kéint ee jo driwwer diskutéieren, mä wat hei ofgeet, ass eng Form vu filmescher “Masturbatioun”, bei deier een sech froe muss, wat de “Comité artistique” sech derbäi geduecht huet, sou en “Ejakulat” an hir Kompetitioun opzehuelen. An et soll elo kee soen, ech wier prüd, well deen do Film geet op keng Kouhaut, och net déi vun de Bauzen, di am GUTLAND d’Piffkaule vollschäissen. Flatschdeg!

Do kënnt dann den englesch-amerikanesche Film LEAN ON PETE vum Andrew Haigh (45 Years) grad richteg, fir d’Staang nees riicht ze béien. Hei geet et ëm e Jong, den Charley Thompson, dee mat sengem Papp net grad op Rouse schléift, an deen eng ongewéinlech Frëndschaft mam Päerd “Lean on Pete” schléisst, dat en zu engem Moment souguer entféiert, fir et virum Schluechthaus ze retten.

Hei hu mer mat engem subtillen a rouegen “Roadmovie” ze dinn, dee vläicht eng Grimmelchen ze laang geroden ass, deen awer eng Hellewull vu mënschlechen an och emouvanten Zeenen enthält, déi een d’Exzesser vum HOLIDAY ganz séier vergiesse léisst.

                                                                                                                                                                                     Jemp Thilges

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.