Dës Woch an der ArtBox D'Fotografin Anna Krieps

Mir waren déi jonk Fotografin op Berlin besichen.

ArtBox (24.02.2018)
All Woch si mir mat engem Kënschtler ënnerwee an kréien en Abléck an säin Alldag.

Do wunnt a lieft d'Anna Krieps a schafft dacks a gär mat engem vun hire Liiblingsmodeller: hirer Schwëster Vicky Krieps.

Wéi se schafft, wat se inspiréiert a wéi wichteg hiert Familleliewen ass, verzielt eis d'Anna Krieps an der Artbox.

90 Sekonne si fir d'Theaterproduktioun "Rausch", déi am tnl ze gesinn ass.

Am Agenda:
Expo bis den 1. Juni: Frank Jons @ Galerie l'Indépendance
Kannertheater 25. Februar: Fenrir de Risewollef @ Trifolion
Concert 2. Mäerz:  Ibeyi @ Atelier

D'ArtBox: All Samschdeg um 19.00 Auer live op Télé Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu. An duerno och am Replay op RTL.lu.