VIDEOBallet a Jongléieren an engem fantasteschen Zesummespill

Fir de Soan Gandini ass Jongléieren net einfach e puer Keelen an d’Luucht geheien an nees opfänken. Bei senger Show begéinen sech Jongléieren a Ballet!

De Soan Gandini a seng eenzegaarteg Show (24.02.2018)
An dësem Schauspill verbannen sech d'Ballet Danzen a Jongléieren zu engem flotte Spektakel.
4 Dänzer a 4 Jongleuren zesummen op enger Bühn. Zesummen, an duercherneen, a matenee gi Weeër am Raum gesicht, uewen an ënnen, an op der Säit. Et ergëtt sech en Dialog tëscht Dänzer a Jongleuren op enger Rees duerch de Raum an d’Zäit .

E Reportage vum Régis Thill.