BerlinaleGëllene Bier fir "Touch me not"

E Samschdeg den Owend huet d'Jury vun der Berlinale bekannt ginn, dass de Gëllene Bier dëst Joer fir de rumänesche Film vum Adina Pintilie ass.

© afp
"Touch me not" ass e ganz radikalen Film, an deem et ëm d'Grenze vun der mënschlecher Sexualitéit geet.

De Grand Prix vun der Jury goung un déi polnesch Regisseurin Malgorzata Szumowska an hire Film "Twarz".

Béid Filmer waren am Virfeld net als Favoritte gehandelt ginn.

Berlinale: Den Interview mam Joy Hoffmann