KräizwuerträtselenElo och gesammelt an op Pabeier disponibel

Op RTL.lu fannt Dir all Donneschdeg en neit Rätsel. De Jérôme Lulling huet der elo e puer zu engem klenge Rätsel-Magazin zesummegefaasst.

De Lëtzebuergesch-Enseignant Jérôme Lulling stécht jo hannert de Kräizwuerträtselen op Lëtzebuergesch. Ouni seng Datebank wiere se guer net ze maachen ...

D'Heft Nummer 1 kascht 5 Euro an ass zum Beispill bei der Librairie Diderich zu Esch ze kréien, awer och online:

https://delarosashop.myshopify.com/products/kraizwuertratselen-op-letzebuergesch

Et si 16 Rätselen dran plus eent um Cover. Alles mat der Léisung natierlech.

An hei geet et bei d'Online-Kräizwuerträtselen op RTL.lu.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.