VIDEO: Concert an der RockhalAlice Merton: Net ganz fit, ma trotzdem iwwerzeegt

Leschte Samschden war d'Alice Merton hei zu Lëtzebuerg an der Rockhal.

Den Titel “No Roots” vum Alice Merton ass dat ganzt lescht Joer erop a erof gelaf. An net just bei ons, ma och a villen anere Länner huet d’Singel d’Charts gestiermt.

E Samschden war d’Sängerin hei am Land an huet hiren Optrëtt duerchgezunn, obwuel si ugeschloe wär, wéi mer virun onsem Interview vum Management matgedeelt kruten. Trotzdeem konnte mer e kuerzen Interview mat der Sängerin maachen. Hei huet si erzielt, dass „No Roots“ och dat Gefill ass, wat si huet. Hir Kandheet huet si nämlech a véier verschiddene Länner verbruecht an am ganzen ass si bis elo 12 Mol geplënnert.

Am Interview verréit d'Alice Merton ons, dass och elo, wou si ëmmer op Tour ass, si sech am Fong ni richteg doheem fillt. Well och d’Liewen am Tourbus huet Vir- an Nodeeler. Ee vun de Virdeeler, wann een op Tour ass, ka sinn, datt ee sech op ville Plazen op der Welt e bëssen doheem ka villen. Fir d'Alice Merton kéint dat och d'USA ginn, wou si viru kuerzem e groussen Optrëtt an der "Tonight Show" vum Jimmy Fallon hat.

Op der Bühn konnt d’Alice Merton d’Fans an der Rockhal iwwerzeegen. Professionell huet si gewisen, dass si méi wéi just ee Song huet. Dovunner iwwerzeege kann ee sech och am Hierscht, wann den neien Album erauskënnt.

De Concert vum Alice Merton (12.03.2018)
Déi däitsch Sängerin war e Samschdeg den Owend an der Rockhal an huet eis e kuerzen Interview ginn.


 

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.