VIDEO: Gilles Reckinger2. Buch iwwer Flüchtlinge vu Lëtzebuerger Fuerscher

Wat huet eng Orange, déi ech zu Lëtzebuerg kafen mat afrikaneschen Flüchtlingen ze dinn ? Vill a wéineg Guddes.

2. Buch iwwer Flüchtlinge vu Lëtzebuerger Fuerscher (16.03.2018)
Wat huet eng Orange, déi ech zu Lëtzebuerg kafen mat afrikaneschen Flüchtlingen ze dinn ? Vill a wéineg Guddes.

"En neit Gesicht vun der Sklaverei an Europa, ass den Ënnertitel vum Buch “ Batter Orangen” vu engem Lëtzebuerger Fuerscher, dee Professer op der Uni Insbruck ass. De Gilles Reckinger. Hien ass Ethnolog a befaasst sech zanter 10 Joer intensiv mat den Themen Migratioun a Grenzen an Europa.

“Batter Orangen” ass d’Suite vu sengem viregte Buch “Lampedusa”, wou hien op déi kleng italienesch Insel gereest war, op déi Zengdausende vu Flüchtlingen aus Afrika higeflücht sinn. Wat geschitt duerno mat deene Mënschen? Dat wollt hie fir säin neit Buch wëssen an ass hinne nogereest, fir do Zoustänn ze gesinn, déi net besser wéi an indeschen Slums sinn.



Egal ob si de Flüchtlingsstatut hunn oder net, d’Migranten, meeschtens Afrikaner, hu keng Wiel, si schaffen als Saison- Aarbechter fir en Hongerloun, zum Beispill a Kalabrien op Orangë-Plantagen.

Dem Auteur geet et drëm, Zesummenhäng opzeweisen, dass de Konsument, deen déi Wuer hei keeft, versteet, wat de Präis ass, fir déi, déi se plécken, e System guer net esou wäit vun ons fort, wou ee wierklech vu Sklaverei ka schwätzen.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.