VIDEO: Musée fir Geschicht a KonschtRestauratioun vun Tableau nokucken

En Tableau, dee komplett iwwermoolt gouf, gëtt zanter Februar restauréiert. D'Visiteure kënnen am Musée an der Stad der Restauratioun op der Plaz nokucken.

Restauratioun vun Tableau nokucken (07.08.2018)
En Tableau dee komplett iwwermoolt gouf, gëtt zanter Februar restauréiert. D'Visiteure kënnen am Musée an der Stad der Restauratioun op der Plaz nokucken.
Ënnerschiddlech Analysen, wéi zum Beispill en UV-Bild, sollen hëllefen, déi ënnerschiddlech Etappe vun der Restauratioun ze verstoen. Am Ganze sinn 3-4 Restauratiounsprozesser néideg, fir de komplett iwwermoolten Tableau nees an d'Rei ze bréngen. Dofir ass vill Gedold vun den zwou Restauratrice gefrot. D'Visiteure kréien am Atelier, deen am Musée opgeriicht ginn ass, alles gewisen, vum Ewechhuele vum Vernis bis hin zu der Radiographie vum Tableau.

Nach bis Mëtt August kann een den zwou Restauratrice bei hirer Aarbecht am Musée fir Geschicht a Konscht nokucken, éier den Tableau Enn des Joers Prêt ass fir nees ausgestallt ze ginn.