LiteraturDen amerikaneschen Auteur a Journalist Tom Wolfe ass dout
De legendären US-Schrëftsteller Tom Wolfe ass mat 87 Joer gestuerwen.
Vun RTL

De Reporter, deen ëmmer a Costume a Krawatt ënnerwee war, war een vun deenen, déi de "New Journalism" mat initiéiert hunn - dat nieft Leit wéi den Truman Capote, engem Hunter S. Thompson oder och dem Norman Mailer. Et waren dës Auteuren, déi op eng sublime Manéier literaresch Stil-Elementer an Reportage-Texter agebaut hunn - an domat hiren eegene Stil erfonnt hunn.
Ëmmer nees ass et dem Tom Wolfe gelongen, datt sech d'amerikanesch Gesellschaft sollt selwer an de Spigel kucken - dat war schonn de Fall a sengem Debut-Roman 1987 "The Bonfire of Vanities". De Bestseller war deemools vum Brian De Palma verfilmt ginn.
Dee leschten a véierten Roman vum Wolfe koum 2012 eraus: a "Back to Blood" geet et em d'Liewe vu kubaneschen Immigranten a Florida.
