Star Wars zu CannesDen neie Film "Solo" gouf als Première gewisen

Zu Cannes leeft nach ëmmer de prestigiéise Filmfestival an do gouf et eng Première, op déi ganz vill Fans vun Chewbacca a vun de Stormtrooper gewaart hunn.

Den neie Film "Solo" gouf als Première gewisen (16.05.2018)
Zu Cannes leeft nach ëmmer de prestigiéise Filmfestival an do gouf et eng Première, op déi ganz vill Fans vun Chewbacca a vun de Stormtrooper gewaart hunn.

Den neie Star-Wars-Film "Solo" gouf zu Cannes gewisen. "Solo" ass jo den neie Spin-Off vun der Star-Wars-Saga. E Film vun 2 Stonnen a 15 Minutte mat purer Ënnerhalung, vill Action an e puer Iwwerraschunge fir Star-Wars-Fans.

© Alberto PIZZOLI / AFP

An dofir waren dann och direkt eng ganz Rei Film-Personnagë sur place an déi legendär Star-Wars-Hymn gouf souguer um rouden Teppech gespillt. Och den John Travolta an de 50Cent hu sech nieft der Ekipp vum Film zu Cannes fir d'Première Rendez-vous ginn.



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.