Kultur - Last MinuteWat däerf een dës Woch net verpassen?

Ornina Syrian Orchestra, Rock zu Houltz, Kufa's Urban Art a Summerdag vun der Literatur.

Sprooch, Molerei a Musek sinn d'Stéchwierder a mir maachen dofir en Tour duerch d'Land mat Statiounen an der Stad, zu Houltz, zu Esch an zu Miersch.

Mat der Sprooch vun der Musek kann een de Weekend déi syresch Kultur entdecken. Den Ornina Syrian Orchestra lued op eng musikalesch Rencontre an, a Collaboratioun mat Lëtzebuerger Artisten. D’Zil vum Concert ass et, mat Hëllef vun der Musek, d’Virurteeler ze bekämpfen. De Concert steet fir Diversitéit an Ouverture d’esprits an ass vun der Ornina asbl an dem Centre culturel Syrien organiséiert ginn.  Dëst Joer spillen si klassesch arabesch Musek mam Titel Hymne au Printemps.

Ornina Syrian Orchestra (12.07.2018)
Syresch a Lëtzebuerger Museker am Groussen Theater


Den 13. An 14. Juli kann een de Concert an de Groussen Theater lauschtere goen.

A muer gëtt et och e Rockowend zu Houltz ...



Dat ass an engem groussen Zelt an do trieden nieft der Voice-of-Germany-Kandidatin Christine Heitz och nach Under Pressure an d'Band "Zero Point five op.

Zero Point Five


Muer brénge "Zero Point Five" och hir nei Single "Heartland" eraus an déi stelle se e Freideg 20. Juli um Radio vir.

Kufa’s Urban Art Festival

Am Kader vum Kufa’s Urban Art Festival, sinn 10 nei Graffiti Wierker zu Esch entstanen. Am Ganzen zielt d’Minettmetropol elo 29 Maueren, déi vu Kënschtler verschéinert gi sinn. De Festival riicht sech awer och un déi Urban Kultur an all hire Formen an Ausdrécksméiglechkeeten. Den Ofschloss gëtt gefeiert mat Musek, Konscht, Danz, Iessen an Drénken a Sport, wei Skateboard a BMX. Alles dat an an bei der Kulturfabrik zu Esch, de Samschdeg ab 16:00 Auer.



Zu Miersch ass e Sonndeg dann och de Summerdag vun der Literatur. 



Auteure liesen aus hir neiste Publikatiounen an ënnerhalen sech mat Kritiker iwwert hir Texter – dat Ganzt am agreabelen Ambiente vum Park vun der Maison Servais. Ënner anerem derbäi sinn d'Maryse Krier "Die verbleibende Zeit" (Editions Saint Paul), de Marc Graas "Der letzter Fischer von Kalmanstjörn" (Editions Saint Paul), den Henri Losch "Sympathesch Kauzen" (Editions Guy Binsfeld), d'Carla Lucarelli "La disparition de Wanda B." (Editions Phi) an de Jérome Netgen mat "D'Wolleken iwwer Hawaii" (Kremart) an d'Susanne Jaspers, déi aus hirem Buch "Mit Jean-Claude auf der Hühnerstange" (capybarabooks) liest. En Titel, dee virwëtzeg mécht.

Susanne Jaspers iwwer "Mit Jean-Claude auf der Hühnerstange"



Et geet um 11 Auer un an dauert bis 4 Auer. Dir sidd also nees mat Zäiten doheem, wann Dir wëllt d’Final vun der Coupe du monde kucken.

Programm Summerdag vun der Literatur

Zu Diddeleng kann een natierlech de ganze Summer iwwer d'Expo iwwer den Thierry van Verwecke kucke goen. Iwwer d'Expo an iwwer den CNA am Grousse Ganzen gëtt ee méi gewuer an der leschter Emissioun No Art vun der Saison... Invité ass do de Pol Lesch..


PREVIEW: Dës Woch bei No Art on AIr (11.07.2018)
Den Direkter vum CNA Paul Lesch


Rieds geet awer och nach iwwer e Buch iwwer d'Su Mei Tse an iwwer de Programm Congés annulés an de Rotonden. An den Direkter vun de Rotonden, de Steph Meyers ass da muer och de leschte Freides Invité... Dono ass Vakanz bis de September ...
No Art mécht souguer Paus bis no de Chamberwahlen. Den 18. Oktober geet et nees lass.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.