Theaterfestival Avignon (1)LOVE AND MONEY - vu Lëtzebuerg op Avignon

Déck Summerhëtzt, eng iwwerfëllte Stad mat Tonnen „theater-hongeregen“ Spectateuren, 3.500 Spektakelen an e puer Zerquëtschter: dat ass Avignon am Juli.

D'Equipe vu "Love and money" vum Théâtre du Centaure mam Elsa Rauchs (op der Foto riets)

Et ass net einfach fir Novizen, déi hei opkräizen, sech an dem lëschtege Kuddelmuddel erëmzefannen. All Mauere vun der Stad si mat Affichen zougepléischtert, an op Schratt an Tratt gëtt ee vu verkleeten Acteuren ugehalen, déi engem hiert Stéck erkläre wëlle fir een ze iwwerzeege grad si kucken ze kommen.

Ma wéi mécht een do säi Choix tëschent der „Oberschickeria“ an der neier Kreatioun, dem „In“, an dem „Off“ mat sengen dausende Stécker, déi bis an di lescht Wäschkiche vun der Stad mat der legendärer Bréck investéiert hunn.

Am „In“ gëtt et längst keng Plaze méi, déi sinn direkt an den éischten Deeg vun der Vente total ausverkaaft. Am Cloitre St Louis, wou di Professionell sech treffen, kann een ustoen a waarden, ob nach eppes fräi ginn ass.

Oder et geet een an den „Village du off“, wou ee fir wéineg Geld eng Reduktiounskaart ka kafen, déi engem et erlaabt, Virstellungen zu staark verbëllegte Präisser ze kucken.

Et kann een och um Net sech d’Highlighten notéieren, déi eng spezialiséiert Press reegelméisseg matdeelt, wéi z.Bsp. den heiten:

https://lebruitduoff.com/

Déi beschten Taktik ass déi fir sech no de beschte Säll z'orientéieren, well et gëtt der, déi bal nëmme Guddes presentéiere wéi d’Manufacture, de belschen Doms, den Théâtre du Chêne Noir.... oder dee beschtbekannte Gilgamesh-Belleville, e Multikomplex, deen nëmmen op héich Qualitéit setzt.

An deen d’Lëtzebuerger Delegatioun sech dëst Joer konnt organiséieren, fir seng Opféierung vu «Love and Money», e Stéck dat eng Geschicht vu mënschlecher Manipulatioun vun hannen no vir erzielt, an dat vum Myriam Muller mat Brio inzenéiert gouf.

De Sall ass gerammelt voll, an dat op engem 14. Juli, franséischen Nationalfeierdag mëttes um 5 vir 1. Op der Bühn fënnt een eng Hand voll Acteuren, dacks an e puer Rollen, ganz iwwerzeegend an hirer Interpretatioun. Ee Personnage bleift méi verschwommen, taucht op a verschwënnt erëm, ma gëtt ëmmer méi present an erweist sech um Enn als de Kär vum Stéck. Interpretéiert gëtt e vun der jonker Elsa Rauchs, déi a Kennerkreesser zanter enger Zäit héich gelueft gëtt an d'Roll fir Avignon iwwerholl huet.

Elsa Rauchs© Claude Neu


Elsa Rauchs iwwer Theaterfestival Avignon



Si spillt haut virun de glënnerechen Ae vu Papp a Monni, déi béid och nieweberufflech staark am Theaterwiesen aktiv sinn. Groussen Applaus um Enn fir e Stéck, dat iwwerzeegt huet an och nach iwwert eng Woch wäert säi Public weider fannen.



Elsa Rauchs iwwer d'Roll a "Love and money"

Um Enn fanne mer am Bistro vum Theater eng total entspaanten Haaptfigur, déi all Schmink ofgeluecht huet fir mat totaler Natierlechkeet op ons Froen anzegoen. An där mer nach ganz vill Erfolleg fir hir Zukunft wënschen, well et steet nom Festival esou munches um Programm fir d’Elsa Rauchs.

17/07/2018 Lëtzebuerger um Theaterfestival Avignon 15h30





Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.