Schnëssen (4/12)Zielt Dir, erzielt Dir oder verzielt Dir?

Lëtzebuergesch ass am Trend an am Wandel. D'Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft vun der Uni.lu dokumentéiert eis Sprooch per App.

An dëser Serie informéiere mir iwwert déi éischt Resultater aus der Schnëssen-App vun der Uni Lëtzebuerg, mat där d'Variatioun am Lëtzebuergesche vun haut erhuewen an analyséiert gëtt. Si dokumentéieren d'Diversitéit an de Räichtum vun enger Sprooch am konstante Wandel.

Déi fréier Forme vun erzielen, verzielen an zielen goufen am Al- a Mëttelhéichdäitschen all benotzt fir "eppes der Rei no opzezielen". Dono hu sech d'Verben am Däitschen, zumindest an der Standardsprooch, spezialiséiert. zählen gëtt just nach am Sënn vun "opzielen" an erzählen generell am Sënn vun "mëndlech matdeelen" gebraucht. Verzählen existéiert am Standarddäitschen just am Sënn vun "falsch zielen". Anescht gesäit dat am Lëtzebuergeschen an och an den ënnerschiddlechen Dialektregiounen am däitschsproochege Raum aus.

Du erziels/verziels/ziels mir d'Ouere vum Kapp ewech!
erzielen, verzielen an zielen kënnen am Lëtzebuergeschen zwar och déi Bedeitungen unhuelen, déi dës Verben am Standarddäitschen hunn, mee si ginn och synonym fir "mëndlech matdeelen" benotzt, wat ee Bléck op d'Auswäertungen ënnersträicht. Am Saz "Ta soeur est géniale, elle raconte souvent les meilleures blagues" (n= 945) gouf raconter souwuel mat erzielen wéi och mat verzielen an zielen iwwersat. erzielen ass dobäi déi Variant, déi mat 64% (n=557) am heefegste virkënnt. Op déi zweet Plaz packt et zielen mat 25% (n=226) an op déi drëtt verzielen mat 11%. Besonnesch flott ass hei, datt och eng Rei regional Variante verzeechent kënne ginn. Heizou gehéieren z.B. erzeelen, erzällen, verzeelen, verziällen, zeelen an zällen.

Kuckt ee sech d'Kaart un, déi sech op d'Verdeelung no Präfixen (ver-, er-, Ø-) konzentréiert, fält op, datt d'Variant, déi mat ver- ufänkt (rout) och eng regional Verdeelung Opweises huet. Si begrenzt sech nämlech an éischter Linn op den Norden an Oste vum Land, wougéint d'Variant mat -er- (blo) am Norden méi seelen, am Oste scho méi dacks an am Rescht vum Land heefeg virkënnt. Do steet se och ëmmer a Konkurrenz mat der Kuerzform – där ouni Präfix (Bsp.: zielen, zeelen). Dës Kaart mécht sech och ganz schéin nieft de schonn existéierende Kaarten aus dem däitsche Sproochraum. Déi weisen nämlech, datt d'Grenzgebitt ëstlech vu Lëtzebuerg an éischter Linn en erziel-Gebitt ass, woubäi dorun dann ee verziel-Gebitt uschléisst. Nordëstlech vu Lëtzebuerg kann een direkt een Iwwergangsgebitt ausmaachen, wat soss ronderëm net de Fall ass. Dat ass eng Erklärung dofir, firwat verzielen am Norden an Oste vu Lëtzebuerg eng Roll spillt.


Déi aner Kaart gëtt d'Verdeelung no de Vokaler am Stamm vum Wuert erëm. Hei kann ee méi oder wéineger onofhängeg vun de Präfixen, véier Varianten ausmaachen: [iə], [e:], [(i)ɛ], [ɐ]. Och hei spillt den Norden eng besonnesch Roll. Just do, kommen nämlech d'Variante mat [(i)ɛ] an [ɐ] fir (Bsp.: erziällen, verzallen, zällen). Do drënner kann een eng Regioun ausmaachen, an där – am Ënnerscheed zu anere Regiounen – ee laangen e ([e:]) virkënnt (Bsp.: verzeelen). D'Variante mat Diphtong ie ([iə]) kommen, wann och an den ernimmte Regiounen manner, am ganze Sproochraum vir.



Béid Observatioune spigelen sech och schonn an der aller Kaart aus dem Luxemburgischen Sprachatlas erëm.



Et ass also egal, ob Dir Är Geschicht verziällt, zielt oder erzeelt, wourop et ukënnt, ass dat Äre Géigeniwwer Iech nolauschtert a versteet.

Iwwer d'Schnëssen-App: Schnësst mat!
"Schnëssen" ass déi éischt App, fir d'Lëtzebuerger Sprooch vun haut an all hire Facettë mat Toun-Opnamen ze erhiewen an ze dokumentéieren. Déi nei App ass Deel vun engem Projet vum "Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft" op der Universitéit Lëtzebuerg. Et geet drëm, d'Lëtzebuerger Sprooch an hirer ganzer Bandbreet ze dokumentéieren, also mat hiren Dialekter.

D'App ass ganz spilleresch opgebaut, esou geet et zum Beispill drëm ze beschreiwen, wat een op engem Bild gesäit: e Päiperlek, Pimpampel, Millermoler oder nach eppes aneres? En Igel oder e Kéiseker oder en Däreldéier? Et soll gesammelt ginn, wat alles am Lëtzebuergesche virkënnt, e "richteg" oder "falsch" gëtt et do net, et geet ëm d'Erhiewe vun Daten respektiv Donnéeën, net ëm d'Verbesseren oder d'Virschreiwen. Dat ass zum Beispill och bei der Fro nom "Auto(s)festival" esou - wéi een et ausschwätzt, ass egal: D'Fuerscher wëlle just erausfannen, wéi vill Prozent d'Variant mat s a wéi vill déi ouni s benotzen ...

Déi eenzel Äntwerte ginn opgeholl an un d'Uni geschéckt. Dat mécht d'App vum selwen. De Set vu Biller a Froe gëtt och verännert.

RTL-ARTIKEL: Eng nei App - Drop lass schnëssen ... fir d'Fuerschung!

Maacht och Dir mat, dass d'Sprooch an dëser ëmfaassender Dokumentatioun vun der Lëtzebuerger Sprooch vun haut vertrueden ass! Luet Iech d'App Schnëssen – Är Sprooch fir d'Fuerschung fir iOS oder Android erof a schnësst mat.



Facebook: https://facebook.com/schnessen

Twitter: https://twitter.com/schnessen

Internet: https://infolux.uni.lu/schnessen

E-Mail: schnessen@uni.lu



Nathalie Entringer | Peter Gilles | Sara Martin | Christoph Purschke

(c) Schnëssen-Projet, Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft, Universitéit Lëtzebuerg 2018

Reiefolleg vun der Serie op RTL.lu an op Radio Lëtzebuerg (nomëttes)

SERIE: Hei den Iwwerbléck!
  1. Päiperlek (24. Juli)
  2. Kéiseker (26. Juli)
  3. Puppelchen (31. Juli)
  4. verzielen (2. August)

    02/08/2018 Serie Schnëssen: Verzielen



  5. Poubelle (7. August)
  6. virwëtzeg (9. August)
  7. Villercher (14. August)
  8. Eeër (16. August)
  9. kaf/kaaft (21. August)
  10. Kaffiskichelchen (23. August)
  11. bitzen (28. August)
  12. Ënn (30. August)

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.