Schnëssen (5/12)Geheie mir eppes an d'Poubelle oder awer an d'Dreckskëscht?

Lëtzebuergesch ass am Trend an am Wandel. D'Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft vun der Uni.lu dokumentéiert eis Sprooch per App.

© lm

An dëser Serie informéiere mir iwwert déi éischt Resultater aus der Schnëssen-App vun der Uni Lëtzebuerg, mat där d'Variatioun am Lëtzebuergesche vun haut erhuewen an analyséiert gëtt. Si dokumentéieren d'Diversitéit an de Räichtum vun enger Sprooch am konstante Wandel.

Bei der Auswäertung vu Poubelle oder Dreckskëscht treffen eng reng aus dem Franséischen iwwerholl Form op eng originär lëtzebuergesch Form. Wärend Poubelle nach net am Luxemburger Wörterbuch (1950-1977) ze fanne war, fënnt een allerdéngs Dreckskëscht mat eenzele Varianten, soumat ass déi Form déi eelst. Am neie Lëtzebuerger Online Dictionnaire existéiere béid Ausdréck eegestänneg. An der Grafik sinn och nach weider Bezeechnunge mat Dreck- opgefouert, déi awer all méi rar sinn.

Dreckskëscht, 45,6%, a Poubelle, 35,9%, sinn déi heefegst Varianten, allerdéngs bitt et sech un, all Forme mat Dreck- zesummen ze leeën, woumat dës da vill méi däitlech an der Frequenz virleien (59,8%). An deem Fall gëtt et quasi eng Heefegkeet vun zwee Drëttel géigeniwwer engem Drëttel. An enger weiderer Analys wär et sécherlech interessant ze kucken, ob d’Gréisst vun der Këscht oder dem Dëppen eng Roll op d’Bezeechnung huet, déi d’Leit benotzen.

Déi regional Verdeelung orientéiert sech net um Géigesaz tëschent Poubelle an Dreckskëscht, mee dës béid Forme stinn anere Variante géigeniwwer. Esou gëtt d’Land nërdlech vun Dikrech an ëstlech vu Jonglënster an zwee gedeelt: am Norden an am Oste gëtt et divers aner Ausdréck mat Dreck- als Determinans (z.B. -bac, -dëppen, asw.), wärend am Zentrum, Süden a Weste vum Land haaptsächlech déi zwou heefeg Formen optrieden.

D’Staffelung nom Alter seet bei dësem Beispill vill aus. Engersäits kann een erkennen, datt am Verlaf vun jonk bis al konstant de Gebrauch vu aneren Alternativen niewent Poubelle an Dreckskëscht zouhëlt. Anerersäits ass et an den Zilgrupp bis 34 Joer d’Poubelle, déi ufänkt, méi a méi an den alldeegleche Gebrauch ze kommen an domat aner Varianten, a virun allem d’Dreckskëscht ze verdrängen. D’Betounung vu Poubelle op där éischter Silb weist allerdéngs och, datt de Begrëff scho staark naturaliséiert ass an déi franséisch Aussprooch verluer huet.


Iwwer d'Schnëssen-App: Schnësst mat!
"Schnëssen" ass déi éischt App, fir d'Lëtzebuerger Sprooch vun haut an all hire Facettë mat Toun-Opnamen ze erhiewen an ze dokumentéieren. Déi nei App ass Deel vun engem Projet vum "Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft" op der Universitéit Lëtzebuerg. Et geet drëm, d'Lëtzebuerger Sprooch an hirer ganzer Bandbreet ze dokumentéieren, also mat hiren Dialekter.

D'App ass ganz spilleresch opgebaut, esou geet et zum Beispill drëm ze beschreiwen, wat een op engem Bild gesäit: e Päiperlek, Pimpampel, Millermoler oder nach eppes aneres? En Igel oder e Kéiseker oder en Däreldéier? Et soll gesammelt ginn, wat alles am Lëtzebuergesche virkënnt, e "richteg" oder "falsch" gëtt et do net, et geet ëm d'Erhiewe vun Daten respektiv Donnéeën, net ëm d'Verbesseren oder d'Virschreiwen. Dat ass zum Beispill och bei der Fro nom "Auto(s)festival" esou - wéi een et ausschwätzt, ass egal: D'Fuerscher wëlle just erausfannen, wéi vill Prozent d'Variant mat s a wéi vill déi ouni s benotzen ...

Déi eenzel Äntwerte ginn opgeholl an un d'Uni geschéckt. Dat mécht d'App vum selwen. De Set vu Biller a Froe gëtt och verännert.

RTL-ARTIKEL: Eng nei App - Drop lass schnëssen ... fir d'Fuerschung!

Maacht och Dir mat, dass d'Sprooch an dëser ëmfaassender Dokumentatioun vun der Lëtzebuerger Sprooch vun haut vertrueden ass! Luet Iech d'App Schnëssen – Är Sprooch fir d'Fuerschung fir iOS oder Android erof a schnësst mat.



Facebook: https://facebook.com/schnessen

Twitter: https://twitter.com/schnessen

Internet: https://infolux.uni.lu/schnessen

E-Mail: schnessen@uni.lu



Nathalie Entringer | Peter Gilles | Sara Martin | Christoph Purschke

(c) Schnëssen-Projet, Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft, Universitéit Lëtzebuerg 2018

Reiefolleg vun der Serie op RTL.lu an op Radio Lëtzebuerg (nomëttes)

SERIE: Hei den Iwwerbléck!
  1. Päiperlek (24. Juli)
  2. Kéiseker (26. Juli)
  3. Puppelchen (31. Juli)
  4. verzielen (2. August)
  5. Poubelle (7. August)

    07/08/2018 Serie Schnëssen: Dreckskëscht/Poubelle



  6. virwëtzeg (9. August)
  7. Villercher (14. August)
  8. Eeër (16. August)
  9. kaf/kaaft (21. August)
  10. Kaffiskichelchen (23. August)
  11. bitzen (28. August)
  12. Ënn (30. August)

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.