Schnëssen (6/12)Virwëtz, Virwëlz an Neigier

Lëtzebuergesch ass am Trend an am Wandel. D'Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft vun der Uni.lu dokumentéiert eis Sprooch per App.

An dëser Serie informéiere mir iwwert déi éischt Resultater aus der Schnëssen-App vun der Uni Lëtzebuerg, mat där d'Variatioun am Lëtzebuergesche vun haut erhuewen an analyséiert gëtt. Si dokumentéieren d'Diversitéit an de Räichtum vun enger Sprooch am konstante Wandel.

Et wierkt wéi ee lëtzebuergescht Original: de Virwëtz, virwëtzeg sinn. Ma wéi bal all d'lëtzebuergesch Wierder, huet och dësen Ausdrock seng Wuerzelen am Al- a Mëttelhéichdäitschen. Eist virwëtzeg kënnt vum ahd. firiwizic bzw. mhd. vor-, vür- oder virwitzec, wat deemools schonn d'Bedeitung hat, déi dëst Adjektiv och am haitege Lëtzebuergesch huet: dt. 'neugierig', fr.'curieux'. Am Däitsche vun haut gëtt et vorwitzig natierlech och nach, allerdéngs huet sech d'Bedeitung vum Wuert am Verglach zum Al- a Mëttelhéichdäitsche geännert. Wann een als vorwitzig bezeechent gëtt, ass domat gemengt, datt een 'keck' oder 'vorlaut' ass. Am Däitschen ass dëst Wuert also éischter negativ konnotéiert – hei heescht et also oppassen, net datt et zu Mëssverständnesser kënnt ;-).

Och wann elo esou selbstverständlech vum lëtzebuergesche Virwëtz geschwat ginn ass – jo, Dir kënnt Iech et schonn denken – variéiert och dëst Wuert. Begéint si mir insgesamt siwe verschidde Variante vun dësem Wuert: virwëtzeg, virwëlzeg, vuerwëtzeg, vuerwëlzeg, virw(a/ä)tzeg, vuerw(a/ä)tzeg an neigiereg. Wéi Dir sécherlech scho richteg erkannt hutt, ënnerscheede sech dës Varianten nëmme minimal an dat entweder am Bezuch op de Präfix vir- vs. vuer- oder op d'Vokal-Konsonante-Kombinatioun an der Mëtt -ël- vs. -ët-.

Wat ass dann elo hei d'Haaptvariant? Ma dat ass hei net esou einfach ze soen. Et ginn zwou Varianten déi ongeféier d'selwecht dacks virkommen: virwëtzeg a virwëlzeg. Allerdéngs kommen dës op nëmmen 33% respektiv 34%. All déi aner Variante kommen zwar vill méi seele vir, kommen awer och op Prozentsätz tëscht 5% an 10%.

Kuckt ee sech d'Kaart un, wierkt dës op den éischte Bléck wéi ee grousst Duercherneen, wat bedeite géif, datt et sech net ëm eng regional Variatioun handelt. Konzentréiert een sech awer op d'Verdeelung vun de Punkte mat der intensiver bzw. blatzeger Fierwung fält op, datt d'Varianten, déi mat vuer- ufänken (blatzeg), sech an éischter Linn op den Norde vum Land konzentréieren. Mir hunn et hei also mat enger Nord-Süd Verdeelung ze dinn. Dëst gëllt, an dat beweist de Kuddelmuddel u Faarwen op der Kaart, allerdéngs net fir d'Variatioun vun -ël- an -ët-. Hei handelt et sech ëm déi Aart vu Variatioun, déi onofhängeg vun enger regionaler Verdeelung besteet.

Konzentréiere mir eis dowéinst emol op d'Verdeelung no Alter. A wien hätt et geduecht, hei verstoppt sech eng méiglech Erklärung fir déi net regional Variatioun. Mam Alter ginn d'Nennunge vun de Variante mat -ël- erof a fir -ët- erop.



Kombinéiert een dat mat der Observatioun, datt d'Variant mat -t- och am Al- a Mëttelhéichdäitschen eng Roll gespillt huet, kann een unhuelen, datt d'Form mat -l déi méi rezent ass an et sech hei ëm Variatioun handelt, déi een a Relatioun mat Sproochwandel setze kann.



Spannend ass och nach, datt jonk Participanten och neigiereg gesot hunn. Dat kann een zum engen op Sproochekontakt zréckféieren, woubäi een zum aneren net vergiessen dierf, datt de Saz, deen z'iwwersetze war, op Däitsch verfaasst war, wat esou spontan Nennunge favoriséiert. Zum Deel géint esou eng Erklärung schwätzt allerdéngs, datt mat der Kompetenz am Däitschen neigiereg-Nennungen zréck ginn. Et sinn also éischter déi Participanten, déi uginn eng manner gutt Kompetenz am Däitschen ze hunn, déi neigiereg benotzt hunn.



Dat weist, datt d’Erklärungen munchmol ganz no schéinen, ma dann awer net esou evident sinn, déi se op den éischte Bléck schéngen.

Iwwer d'Schnëssen-App: Schnësst mat!
"Schnëssen" ass déi éischt App, fir d'Lëtzebuerger Sprooch vun haut an all hire Facettë mat Toun-Opnamen ze erhiewen an ze dokumentéieren. Déi nei App ass Deel vun engem Projet vum "Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft" op der Universitéit Lëtzebuerg. Et geet drëm, d'Lëtzebuerger Sprooch an hirer ganzer Bandbreet ze dokumentéieren, also mat hiren Dialekter.

D'App ass ganz spilleresch opgebaut, esou geet et zum Beispill drëm ze beschreiwen, wat een op engem Bild gesäit: e Päiperlek, Pimpampel, Millermoler oder nach eppes aneres? En Igel oder e Kéiseker oder en Däreldéier? Et soll gesammelt ginn, wat alles am Lëtzebuergesche virkënnt, e "richteg" oder "falsch" gëtt et do net, et geet ëm d'Erhiewe vun Daten respektiv Donnéeën, net ëm d'Verbesseren oder d'Virschreiwen. Dat ass zum Beispill och bei der Fro nom "Auto(s)festival" esou - wéi een et ausschwätzt, ass egal: D'Fuerscher wëlle just erausfannen, wéi vill Prozent d'Variant mat s a wéi vill déi ouni s benotzen ...

Déi eenzel Äntwerte ginn opgeholl an un d'Uni geschéckt. Dat mécht d'App vum selwen. De Set vu Biller a Froe gëtt och verännert.

RTL-ARTIKEL: Eng nei App - Drop lass schnëssen ... fir d'Fuerschung!

Maacht och Dir mat, dass d'Sprooch an dëser ëmfaassender Dokumentatioun vun der Lëtzebuerger Sprooch vun haut vertrueden ass! Luet Iech d'App Schnëssen – Är Sprooch fir d'Fuerschung fir iOS oder Android erof a schnësst mat.



Facebook: https://facebook.com/schnessen

Twitter: https://twitter.com/schnessen

Internet: https://infolux.uni.lu/schnessen

E-Mail: schnessen@uni.lu



Nathalie Entringer | Peter Gilles | Sara Martin | Christoph Purschke

(c) Schnëssen-Projet, Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft, Universitéit Lëtzebuerg 2018

Reiefolleg vun der Serie op RTL.lu an op Radio Lëtzebuerg (nomëttes)

SERIE: Hei den Iwwerbléck!
  1. Päiperlek (24. Juli)
  2. Kéiseker (26. Juli)
  3. Puppelchen (31. Juli)
  4. verzielen (2. August)
  5. Poubelle (7. August)
  6. virwëtzeg (9. August)

    09/08/2018 Serie Schnëssen: Virwëtzeg



  7. Villercher (14. August)
  8. Eeër (16. August)
  9. kaf/kaaft (21. August)
  10. Kaffiskichelchen (23. August)
  11. bitzen (28. August)
  12. Ënn (30. August)

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.