DiddelengExpo vum Konscht-Fotograf Michel Medinger

De Michel Medinger ass virun allem bekannt fir seng skurril an ironesch Nature-morten, wou hien dacks dat Makabert mat enger Grëtz Poesie vermëscht.

EXPO Michel Medinger (12.08.2018)
De Michel Medinger schafft schonn iwwert 40 Joer als Konscht Fotograf hei am Land.
De Michel Medinger, deen zënter iwwer 40 Joer als Konscht-Fotograf schafft, gehéiert nach zu engem vun de wéinege Fotografen, déi stonnelaang an hirer Donkel-Kummer um richtegen Tirage schaffen. Am CNA zu Diddeleng gouf genee dës Plaz, wou de Fotograf esou vill Zäit verbréngt, an Original-Gréisst nogestallt.

Ugefaangen huet alles mat Fotografië vu sengem Papp sengen Tiräng voller Aarbechts-Geschir. Lues a lues sinn déi éischt zesummegestallten Zeenen entstanen. Ënner anerem Nature-morten, wou schwaarzen Humor eng grouss Roll spillt.



Den CNA huet e groussen Deel vun der Kollektioun vum Michel Medinger opkaaft. Hei steet d'Conservatioun vun esou delikaten Tiragen am Virdergrond.

Dem Michel Medinger säi ganz eegenen Universum kann een nach bis den 16. Dezember am CNA zu Diddeleng entdecken.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.