Vill flott FOTOENIwwer 25.000 Visiteuren um Mëttelalterfest zu Veianen

Trotz der Afenhëtzt huet et zanter dem leschte Weekend ganz vill Leit op d'Mëttelalterfest zu Veianen gezunn. Si wollten de Spektakel net verpassen.

Iwwer 25.000 Leit hate wärend de leschten 10 Deeg de Wee op Veianen fonnt. Bei der 18. Editioun gouf een nees an eng längst vergaangen Zäit versat. Villes konnt ee bewonneren. Vu Bauchdänzerinnen, iwwer Ritterkämpf bis bei Handwierkerstänn mat vill Lieder. Donieft hunn d'Felken hir Ronnen wärend de Showen iwwert d'Schlass gedréint.

Bis um Enn vum Joer sinn nach vill weider Manifestatiounen um Veianer Schlass geplangt. All Informatioune fannt Dir op um Internetsite vum Veianer Schlass.

Mëttelalterfest zu Veianen (05.08.2018)
Wärend 9 Deeg gouf een nees an eng aner Welt versat.