MeYouZik World Music Festival 2018

Och dëst Joer organiséiert de Luxembourg City Office nees zesumme mat der Stad Lëtzebuerg de Festival des Musiques du Monde de 14. a 15. August.

International Artisten hunn och 2018 nees hir Participatioun confirméiert, sou dass et an den zwee Deeg nees vill ze kucken an ze lauschtere gëtt.

En Dënschdeg, de 14. August ginn et op der Place Guillaume II (Knuedler) an an der Rue du Saint-Esprit am Ganze 7 Optrëtter ze kucken. E Mëttwoch, de 15. August sinn der op der Place d'Armes, um Knuedler, an der Rue du Saint-Esprit, bei de Bock-Kasematten a bei der Gëlle Fra (Place de la Constitution).

Ënner fräiem Himmel kann ee sech op d'Decouverte vun der Musek an all hire Forme maachen an dobäi déi verschiddenst Kulture kenneléieren. Den Entrée op de Festival ass gratis.

Weider Informatioune fënnt ee beim Luxembourg City Office an der Stad, per Telefon op den (+352) 22 28 09, op www.luxembourg-city.com oder op www.meyouzik.lu

PDF: Flyer

PDF: Communiqué de Presse