Schluecht vun AmiensErënnerung un d'Affer - Festlechen Akt an der Kathedral

Et ass e festlechen Akt e Mëttwoch am Nomëtteg an der Kathedral vun Amiens: erënnert gëtt dem 8. August 1918, wéi d'Schluecht vun Amiens ugefaangen huet.

© afp

Dës Offensive huet d'Avancée vun den alliéierten Truppen ageleet, déi d'Enn vum 1. Weltkrich sollt entaméieren. E Mëttwoch gesi sech d'Politiker vun dësen Natiounen, fir de Fridden ze zelebréieren.

Dëst sinn de Mëttwoch de Mëtteg um Parvis vun der Kathedral vun Amiens politesch Éieregäscht aus Frankräich, den USA, Kanada, England an Australien, ma och de fréiere Bundespresident Joachim Gauck als Vertrieder vun Däitschland.

Alles an allem wäerten eng 3.200 Leit de Mëttwoch de Mëtteg zu Amiens fir d'Commemoratioun vum Centenaire dobäi sinn.

Erënnert gëtt deenen zegdausenden alliéierten Zaldoten, déi deemools ënner alle Sacrificen hiert Liewe fir de Fridden ginn hunn.

Wéi war d'Krichssituatioun virun 100 Joer?
D'däitsch Arméi konnt bis Juli 1918 duerch Offensive vill Terrain an Nordfrankräich an der Champagne guttmaachen, sou datt de Generol Foch d'franséisch, d'britesch an d'amerikanesch Truppe-Cheffen beieneegeruff huet, fir eng koordinéiert Offensiv ze lancéieren, dat sollt den 8. August am Süde vum evakuéierten Amiens an der Somme geschéien. D'Strategie vum Foch sollt opgoen.

Den Iwwerraschungsmoment an d'Capacitéiten u Material an Truppe sollten den Alliéierte fir d'Attack un dëser Frontlinn an d'Kaarte spillen.

Et waren eng 100.000 Zaldote mat honnerte Panzeren, déi géint 4.30 Auer moies am Niwwel d'däitsch Truppen op enger Front vun 22 Kilometer iwwerrascht hunn. 27.000 däitsch Affer, Doudeger, Blesséierter oder Krichsgefaangener waren nëmmen an Zäit vun e puer Stonnen ze bekloen.

Spéider huet den däitsche Generol Ludendorff den 8. August als "Trauerdag fir déi däitsch Arméi" bezeechent.

D'Schluecht vun Amiens sollt nëmmen 3 Deeg daueren: eng 22.000 Zaldoten goufe verwonnt oder si verscheet, et goufe bal 30.000 däitsch Krichsgefaangener.

Et sollt dunn nach laang Summer-Méint an zwou Milliounen Doudeger op béide Säite kaschten, bis den 11. November den  Armistice konnt signéiert ginn an Däitschland kapituléiert huet. D'Schluecht vun Amiens huet dee Wee opgemaach - erënnert gëtt e Mëttwoch den Zaldoten, ma och den Zivilisten, déi d'Lutte fir d'Fräiheet mam Liewen an onheemleche Sacrificë bezuelt hunn. Alles an allem sollten am 1. Weltkrich 10 Milliounen Zaldote stierwen, 20 Millioune blesséiert ginn, mee och eng ronn 7 Milliounen Ziviliste verscheeden.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.