BelvalTraditionellen Auto-Kino

Dëse Weekend invitéiert d'Gemeng Suessem nees op hiren traditionellen Auto-Kino um Parking Square Mile um Belval.

Vum 10. bis den 13. August gëtt all Dag ee Film gewisen:

Freideg, 10. August: Mamma Mia - Here We Go Again
Samschdeg, 11. August: Wollefszant
Sonndeg, 12. August: Mission Impossible - Fallout
Méindeg, 13. August: Club des Chômeurs

PDF: Info-Flyer.

D'Filmer fänken all owes um 22 Auer un, de Food-Village mécht um 19.30 Auer seng Dieren op.

D'Entrée kascht 10 Euro, fir Studenten a Kanner bis 12 Joer ginn et awer Reduktiounen.

Wann een e Méindeg mat engem Oldtimer kënnt, da kann een de Film fir den hallwe Präis kucken.



"De Parking Square Mile bitt net just genuch Plaz fir honnerte Filmfrënn an hiren eegenen Autoen z’ëmfänken, mä suergt mat senger industrieller Kuliss fir en aussergewéinlecht Erliefnis, onofhängeg vum Film, dee grad gewise gëtt", heescht et an der offizieller Ukënnegung.