Doud vum Lëtzebuerger SchrëftstellerDe Georges Hausemer am Alter vun 61 Joer gestuerwen

De Lëtzebuerger Schrëftsteller ass e Méindeg gestuerwen. 2017 ass hien nach mam Batty Weber-Präis ausgezeechent ginn.

De Lëtzebuerger Schrëftsteller Georges Hausemer ass dout, mellt Tageblatt. Hien ass e Méindeg am Alter vun 61 Joer gestuerwen. Den Auteur war d’lescht Joer nach mam Batty Weber Präis ausgezeechent ginn, dat fir säi Liewenswierk:

Batty-Weber-Präis fir Georges Hausemer (24.10.2017)
Um Méindeg den Owend am Mierscher CNL gouf de Schrëftsteller fir säi laangen, exemplareschen Engagement fir de Lëtzebuerger Literaturbetrib ausgezeechent.


D'ArtBox mam Georges Hausemer vum Oktober 2017:

D'ArtBox mam Georges Hausemer (28.10.2017)
All Woch si mir mat engem Kënschtler ënnerwee an kréien en Abléck an säin Alldag.

Hien ass och ee vun de Grënner vum Lëtzebuerger Schrëftstellerverband. 1957 ass de Georges Hausemer zu Déifferdeng gebuer ginn. Zanter Abrëll 2016 huet de Georges Hausemer e Blog gefouert wou e säin Alldag mat Kriibs beschriwwen huet.

Säi Lycée huet en zu Iechternach gemaach, ier en zu Salzbuerg a Mainz Journalismus, esou wéi Etuden an de "Lettres Romanes" gemaach huet.

RIP Georges Hausemer / Noruff vum Roy Grotz



Disparition de Georges Hausemer

Communiqué par: ministère de la Culture

 

Mat grousser Betraffenheet an Trauer hu mir d'Noriicht vum Doud vum Georges Hausemer kritt.

D’Lëtzebuerger Kulturlandschaft huet e Pionéier verluer, deen eng wichteg Roll an der Entwécklung vun der zäitgenëssescher Lëtzebuerger Literatur an dem Lëtzebuerger Literaturbetrib gespillt huet. Seng grouss schrëftstelleresch Leeschtung ass duerch vill national Präisser honoréiert ginn, ënner anerem eréischt d’lescht Joer mam grousse Lëtzebuerger Literaturpräis, dem Batty-Weber-Präis.

Mir wäerten de Georges Hausemer als en immens engagéierte Schrëftsteller, Iwwersetzer an Editeur an Erënnerung behalen, deen a ganz ville literareschen a kulturelle Beräicher aktiv war.

Mir drécken dem Susanne Jaspers an der Famill eist häerzlechst Bäileed a Matgefill aus.

Xavier Bettel, Premier- a Kulturminister

Guy Arendt, Staatssekretär fir Kultur



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.